Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Premier Phạm Minh Chính : Offiziell Visitt vun der vietnamesescher Regierung zu Lëtzebuerg

De Premier gouf vun 9 weider Ministere begleet. Nieft Lëtzebuerg wäert Delegatioun och nach aner europäesch Länner besichen.

Et ass déi éischte Kéier, datt de vietnamesesche Premier Phạm Minh Chính op Besuch am Grand-Duché ass. De Regierungschef gouf op der Place Clairefontaine mat militäreschen Éieren empfaangen. «An de Gespréicher mam Premier Xavier Bettel hu mir eis drop gëeenegt, fir d’Zesummenaarbecht tëscht béide Länner ze verdéiwen. Virop wat d’Educatioun an d’Ausbildung ugeet, ziele mir op d’Expertise vu Lëtzebuerg. Mir kruten och d’Zouso, datt d’Zuel vun de Stipendien fir vietnamesesch Studenten op der Uni Lëtzebuerg eropgeet.» esou de Premier Phạm Minh Chính.

Zu Lëtzebuerg liewen aktuell knapp 200 Vietnamesen.

D'Relatiounen tëscht dem Grand-Duché an dem Vietnam si gutt. 21 Joer laang war de Vietnam en Pays-Cible vun der Lëtzebuerger Kooperatioun, doduerch si béid Länner enk matenee verbonnen.