Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Preparatioun op de Weltënnergang: Éisträicher verbarrikadéiert sech mat Fra a 6 Kanner a Wäikeller

An Éisträich hu sech sougenannt "Prepper" mat hire 6 Kanner vun ënnert 5 Joer an engem Wäikeller verbarrikadéiert.

Wéi et vun der brittescher "Daily Mail" heescht, soll de 54 Joer ale Mann d'Doheem fir seng Famill a Wäikelleren ënnert der Gemeng Obritz an Nidderéisträich ageriicht hunn. Awunner hätte sech scho méi dacks iwwert de Mann beschwéiert. Sou sollen ëmmer nees Kanner-Stëmmen aus dem Keller ze héiere gewiescht sinn. Nodeems Mataarbechter vum Jugendamt geschellt hunn, fir nom Wuelbefanne vun de Kanner ze kucken, huet de Mann refuséiert dës eranzeloossen a se souguer mat Pefferspray menacéiert.

Op Uerder vum Parquet gouf de Keller dunn opgemaach an de Papp festgeholl. Bausse vum Gebai hat hien iwwerall Kameraen installéiert. Bei enger Perquisitioun bannen, goufen ausserdeem Waffe fonnt.

Entretemps soll de Mann nees op fräiem Fouss sinn. Et gi keng Unzeechen dofir, datt seng Kanner verkomme sinn oder mësshandelt goufen.

Als "Prepper" gi Leit bezeechent, déi sech op de Weltënnergang virbereeden. Dëst, andeems si sech wéi an dësem Fall Schutzraim (zum Beispill Bunkeren) ariichten, oder mat grousse Reserven u Liewensmëttel oder anere Ressourcen andecken.