Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Presidentschaftswal an der Tierkei: De Recep Tayyip Erdogan wënnt a bleift President

Presidentschaftswal an der Tierkei

Bei der Stéchwal ëm d'Amt vum tierkesche President konnt de Recep Tayyip Erdogan sech géint säi Konkurrent Kemal Kilicdaroglu duerchsetzen

De Recep Tayyip Erdogan bleift fir e weidert Mandat tierkesche President. Den aktuelle Staatschef behaapt sech am Ballotage géint de Konkurrent Kemal Kilicdaroglu.

Den AKP-Politiker Erdogan kënnt um Enn op 52,2%, de Kilicdaroglu op 47,8%.

Den islamesch-konservativen Erdogan sëtzt zënter 20 Joer zu Ankara un den Hiewelen. Vun 2003 bis 2014 war hien tierkesche Premier an zënter 2014 ass hie President.

Mir regéieren d'Land fir weider 5 Joer, sot hien e Sonndeg den Owend viru Supporter zu Istanbul.

De Sozialdemokrat Kilicdaroglu huet seng Defaite indirekt zouginn. Hie géing bedaueren, datt d'Land elo viru grousse Problemer stéing. Et hätt een en immens onfaire Walkampf erlieft. All d'Staatsmëttel wiere fir eng politesch Partei a fir ee Mann mobiliséiert ginn, sou de Kilicdaroglu.

Ëm 16 Auer e Sonndeg haten d'Walbüroen an der Tierkei hir Dieren zougemaach. Dem Erdogan seng Victoire hat sech scho fréi ofgezeechent: