Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Presidentschaftswal an der Tierkei: Walbüroe fir Stéchwal tëscht Erdogan a Kilicdaroglu op

Presidentschaftswal an der Tierkei

E Sonndeg ass d'Stéchwal, wou sech decidéiert, ob den aktuelle President Erdogan op deem Poste bleift oder ob säi Konkurrent Kilicdaroglu iwwerhëlt.

Den Erodgan gëllt allerdéngs als Favorit. Scho beim éischten Tuer virun zwou Wochen hat hien déi absolut Majoritéit nëmme knapps verpasst. Beim zweeten Tuer stinn déi problematesch ekonomesch Situatioun an d‘Migratioun am Zentrum vum Walkampf. Et geet elo drëms, wie vun de Kandidaten déi Wielerschaft op seng Säit zéie kann, déi am 1. Tuer den nationalistesche Kandidat Ogan gewielt haten.

Den Erausfuerdererer Kilicdaroglu versprécht, als President all syresch Flüchtlingen heem ze schécken. Ma och den Erdogan annoncéiert, op d'mannst eng Millioun vun hinnen zäitno zeréckzeschécken.

D'Walbüroe maachen e Sonndeg ëm 16 Auer zou, mat den éischte Resultater ass e Sonndeg den Owend ze rechnen.