Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Presuméierten Täter verhaft: Iwwer 100 Autoen an der Stad muttwëlleg beschiedegt

Vill Leit, déi hire Won an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg an der Stad geparkt haten, haten herno Schréipsen um Auto.

Wéi d'Police mellt, goufen iwwer 100 Autoen Affer vu Vandalismus. Si waren a folgende Stroosse geparkt:

- Rue St. Zithe,
- Rue Goethe,
- Rue Michel Welter,
- Rue d'Anvers,
- Bvd de la Pétrusse,
- Bvd Prince Henry,
- Rue des Etats Unis,
- Rue des Romains,
- Rue Caspar Mathias Spoo,
- Val St. Croix,
- avenue Pescatore.

E presuméierten Täter konnt ermëttelt an en Donneschdeg scho festgeholl ginn. En hat dann och scho Rendez-vous virum Untersuchungsriichter a koum duerno an Untersuchungshaft op Schraasseg.

Well bis elo nach net all d'Proprietäre vun de beschiedegten Autoe konnte kontaktéiert ginn, ass et den Appell vun der Police, dass all déi concernéiert Leit sech wgl. bei der Police solle mellen. Dat via Telefon um (+352) 244 40 1000 oder via E-Mail: [email protected].

Och eventuell Zeie kënne sech gären nach mellen.