Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prinzipiellen Accord bei Tripartite fonnt: De Stroumpräis gëtt agefruer an den Indexsystem bleift erhalen

Déi 11 Regierungsmemberen an hir Beamte waren en Dënschdeg bis an de spéiden Owend mat Patronat a Gewerkschaften zu Senneng am Schlass beieneen.

Um Méindeg den Owend war nom 2. Dag vun den Tripartiteverhandlungen net vill vu Regierungssäit, respektiv vun de Gewerkschaften oder dem Patronat, gewuer ze ginn.

D'Tripartiteverhandlunge gounge mat engem prinzipiellen Accord zu dräi op en Enn. E schrëftlechen Accord gëtt et nach net. Verschidde Leit missten nach de Feu vert bei hire Comitéë kréien, esou de Premier Xavier Bettel kuerz no 23 Auer en Dënschdeg den Owend. Ma d'Sozialpartner wäre sech um Enn am Prinzip eens ginn iwwer en Hëllefspak fir Stéit a Betriber. Wann den definitiven Accord ofgeseent ass, kéint dësen nächste Mëttwoch ënnerschriwwe ginn.

Kee Succès wär an dëser Situatioun schwéier z'erklären gewiescht, sot de Premier.

De Staat gräift direkt an d'Energiepräisser an, fir géint d'Inflatioun virzegoen.

D'Gaspräisser gi bei engem Maximum vu Plus 15% par Rapport zum aktuelle Präis gedeckelt ginn. De Präis vum Masutt soll ëm 15 Cent de Liter erofgesat ginn an de Stroumpräis souguer agefruer ginn. Dat vum 1. Oktober un. Donieft gëtt d'TVA op de verschiddene Kategorien ëm ee Prozentpunkt erofgesat ginn.

De Stroumpräis géif op dës Manéier stabiliséiert ginn. De Stroum géif esou méi attraktiv bleiwen ewéi Gas a Masutt, sot den Energieminister Claude Turmes.

D'Regierung wäert d'Allocation de vie chère an d'Energieprimm och verlängeren.

Dëse Mesurëpak mat Energiepräisbrems an Erofsetze vun der TVA kascht iwwer eng 1 Milliard Euro.

D'Inflatioun soll mat dëse Mesuren gebremst ginn. Doduerch géife keng 4 Indextranchë bannent den nächsten 10 Méint erfalen, mä just nach 2: eng am Februar an eng am Abrëll. Den Indexsystem géing erhale bleiwen, huet de Franz Fayot betount. An dat huet och notamment den OGBL dozou beweegt, de Mesurëpak z'ënnerstëtzen.

Et gouf och e cibléierten Hëllefspak fir Betriber annoncéiert. Dës Aidë mussen nach op EU-Niveau opgekläert ginn.

Et wär drëms gaangen, d'Inflatioun ze drécken, d'Kafkraaft ze stäerken a gläichzäiteg déi zolidd Staatsfinanzen z'erhalen, esou d'Finanzministesch Yuriko Backes. Den Triple A ze halen, wär wichteg fir d'Ekonomie vum Land.

Och d'Gewerkschaften OGBL, LCGB a CGFP waren zefridde mat de Resultater vun der Tripartite. D'Negociatioune wären net einfach gewiescht. Déi dräi Gewerkschafte wäerten an hire Gremien awer proposéieren, dësen Accord de principe guttzeheeschen.

D'Patronat huet däitlech manner positiv geklongen. Et wär e schwéieren Accord, esou den President vun der UEL Michel Reckinger op der Pressekonferenz.

D'Betriber wären awer Deel vun der Léisung, si géifen sech elo solidaresch weisen, an hoffen, dass d'Lëtzebuerger Ekonomie duerch dës schwéier Zäit wäert kommen.