Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prisongsstrof vu 4 Joer gefrot: Leschte Verhandlungsdag am Prozess ronderëm d'Crèche Léiwe Léif

Der Gerante vun der Struktur fir kleng Kanner gëtt vum Parquet Kierperverletzung virgeworf.

E Freideg de Moie war et op der Stater Chambre criminelle dee leschte Verhandlungsdag am Prozess ronderëm d'Crèche "Léiwe Léif". Der Gerante vun der Struktur fir kleng Kanner, déi tëscht 2014 an 2017 zu Bous bedriwwe gouf, gëtt vum Parquet virgeworf, souwuel Kanner wéi och Educatricen, déi an der Crèche geschafft hunn, geschloen an op aner Manéier blesséiert ze hunn. En Donneschdeg gouf dofir eng Prisongsstrof vu véier Joer gefrot.

E Freideg war et un den Affekote vun der Ugekloten. Dës hunn all d'Virwërf géint hir Mandantin zeréckgewisen an ee Fräisproch gefrot. Si hu kritiséiert, datt just à charge an net à décharge ermëttelt gi wier. Déi Elteren, déi näischt um Fonctionnement vun der Crèche aussetze haten, wiere vun der Police net gehéiert ginn. Et géif och keen eenzegen Zeie ginn, dee jeemools selwer gesinn hätt, datt d'Ugeklote Kanner geschloen oder soss mësshandelt hätt. Och vill Eltere vu Kanner, déi blesséiert solle gi sinn, hätten ausgesot, datt hinne keng Spuere vu Gewalt opgefall wieren. Bei deene bloe Plazen, déi verschidden Elteren entdeckt hunn, wier iwwerdeems net nozeweisen, datt se vun der Ugeklote kéimen. Déi fréier Mataarbechterinnen, déi d'Ugekloten als onglécklech an aggressiv beschriwwen hätten, hätten ee falscht Bild vun hirem Charakter gezeechent. Si hätt hir Aarbecht par Konter mat vill Léift fir d'Kanner gemaach. Och fir déi reprochéiert Gewalt géint deemoleg Mataarbechterinne géif et keng Preuven.

D'Urteel gëtt den 26. Januar geschwat.