Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Proporzgemengen: Eenheetlech Reegelen fir d'Depositioun vu Lëschten

RTL

© RTL Grafik

Wann een an enger Proporzgemeng eng Lëscht fir d'Gemengewalen deposéiere wëll, musse 50 ageschriwwe Wieler dat ënnerstëtzen.

Wéi d'LSAP-Inneministesch Taina Bofferding an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten präziséiert, dierfen d'Kandidaten op der Lëscht net och d'Lëscht mat presentéieren. Dofir hätte sech d'Presidente vun den Haaptwalbüroen ausgeschwat a si hätt dat och per Circulaire un d'Gemenge weider ginn, fir eng eenheetlech Applikatioun vum Gesetz ze garantéieren.

D'Piraten hate rezent op enger Pressekonferenz gesot, datt et vu Gemeng zu Gemeng géing ofhänken ob d'Kandidaten d'Lëscht mat presentéiere kéinten oder net.