Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess an der Affär Bianka Bisdorff: D'Geriicht huet d'Mamm zu enger Prisongsstrof vun 30 Joer verurteelt

RTL

© afp

E Mëttwoch de Mëtte gouf um Stater Geriicht d'Urteel am Prozess ëm d'Verschwanne vum Bianka Bisdorff geschwat.

30 Joer feste Prisong ass d'Strof, déi d’Riichter géint d'Mamm vum klenge Bianka, dat zanter Juli 2015 als vermësst gëllt, gesprach hunn. Domadder verhänkt d'Geriicht eng Strof, déi duebel esou héich ass ewéi déi, déi vum Parquet gefuerdert gouf.

D'Mamm huet sech Enn zejoert ënner anerem wéinst Mord, Doudschlag a Kierperverletzung un hirem eegene Puppelche misse viru Geriicht veräntwerten. Bannent den zwou Woche vum Prozess huet si awer u kenger vun de Sëtzungen deelgeholl.

Déi Verurteelt huet elo 40 Deeg Zäit, fir géint d'Urteel an Appell ze goen.