Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess Bëbee Bianka: Keng Spuer, dass de Puppelchen nach lieft

Bis op d'Aussoe vun der Mamm vum Bëbee Bianka bei der Police, schéngt et keen Indice ze ginn, deen drop schléisse léisst, dass d’Kand haut nach lieft.

Um Mëttwoch hunn zwee Enquêteure vun der Police hir Recherchë virum Stater Geriicht presentéiert.

Zanter 7 Joer gëllt de Bëbee als vermësst. Vun Ufank u stoung d’Mamm vum Kand am Verdacht, eppes domat ze dinn ze hunn. Hir gëtt ënner anerem Mord, Doudschlag a Kierperverletzung un hirem eegene Kand virgehäit. Dëser Deeg muss si sech viru Geriicht veräntwerten, huet awer bis elo net un der Sëtzung deelgeholl.

D’Fra ass 39 Joer al a war scho Mamm vu 6 Kanner, wou d’Bianka am Summer 2015 op d’Welt komm ass. Vun kengem awer hat si deen Ament nach d’Suergerecht. An och vum Bianka sollt et hier eventuell oferkannt ginn. Aus dësem Grond war opgefall, dass d’Kand verschwonne wier. Bei der Police huet déi Ugekloten ëmmer aner Saachen ausgesot, wou sech dëst géing ophalen. Eemol sot se bei der Tatta, du bei enger Frëndin. Eng aner Kéier, si hätt et ewech ginn, dass een hier et net géing ofhuelen.

Bis zum Ofschloss vun der Enquête 2019 sinn d’Autoritéiten alle méigleche Spueren nogaangen. Dës hunn zu deenen diverse Leit gefouert, mat deenen déi Ugekloten a Kontakt war. Vun der Mamm, iwwert d’Tatta, Frënn a Bekannten. An och bei déi ënnerschiddlech Männer, bei deene si zäitweis iwwernuecht huet, nodeems si net méi beim Papp vun hiren 6 anere Kanner gelieft huet. Recherchen, ouni Succès. D’Kand blouf verschwonnen.

Nodeems eng Vermësstemeldung an de Medie publizéiert gouf, hu sech dräi Gemengebeamten als Zeie gemellt. Si hunn déi, bis haut, wuel wichtegst Hiweiser an der Affär «Bëbee Bianka» geliwwert. Zwee vun den Aarbechter hu beim Fëschweier bei Lénger geschafft, wou hinnen eng Fra opgefall ass, déi wuel e Bëbee, agewéckelt an enger Decken, um Arem hat. Méi spéit hu si d’Fra gesinn aus dem Gestrëpp kommen, dono si si hier nach eng Kéier begéint. Ouni Puppelchen. Eppes ass hinne louche virkomm. Si hunn hire Viraarbechter kontaktéiert, deen op d’Plaz komm ass. Och hien konnt déi Ugekloten untreffen. Dorop ugeschwat, wou de Puppelche wier, sot si, dass eng Fra um Vëlo en ofgeholl hätt. De Bëbee selwer, vun no, hu si awer net gesinn.

Auswäertunge vun den Handydate weisen, dass déi Ugekloten deen Dag an déi Zäit tatsächlech am Raum ëm de Weier ënnerwee war. D’Gebitt ass groussraimeg duerchsicht ginn. Esouguer de Weier ass bis op eng bestëmmten Déift ausgepompelt ginn. Ouni Succès. De Parquet wollt wëssen, ob et méiglech wier, dass een d’Läich vun engem Bëbee vun enger gudder Woch trotzdeem kéint iwwersinn hunn. De Fong wier voller Algen a Bulli gewiescht, wann een do donieft gegraff hätt, jo méiglecherweis, sou d’Äntwert vum Enquêteur.

Och d’Naturschutzgebitt ëm de Weier ass extrem onzougänglech. Eng Hondsstaffel war mat am Asaz, fir d’Gebitt ze duerchkämmen. Zwee ënnerschiddlech Läichenhënn hätten dobäi op enger Plaz am Bësch ugeschloen. Et konnt awer näischt fonnt ginn. Hei wollt de Vertrieder vum Parquet wëssen, ob och hätt kënnen en Déierekadaver do leien. Dozou sot den Enquêteur, dass eng Verwiesslung hei net heefeg wier. Weider goufe bei enger Ruin beim Weier och eng Strampelbox fonnt, déi laut DNA Analyse mat zimmlecher Sécherheet, dem Kand vun der Ugekloter zouzeuerdnen ass.

Well awer ni eng Läich fonnt ginn ass, gouf weider enquêtéiert. Déi Ugeklote war 14 Méint an Untersuchungshaft, bis si am September 2016 nees fräi koum. No hirer Fräiloossung gouf si eng gutt Woch vu der Police observéiert. Zu kengem Moment hätt si probéiert, zu iergend engem vun hire Kanner Kontakt opzehuelen. Doriwwer eraus wier et och soss zu kengem Kontakt zu bestëmmte Persounen komm. Keng Spuer, déi kéint drop hiweisen, dass d’Bianka lieft.