Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess Bianka Bisdorff:: Huet d‘Mamm de Mord un hirem Meedchen zouginn?

Dat huet jiddefalls de fréiere Partner an aktuelle Matbewunner vun der Fra ënner Eed viru Geriicht ausgesot.

Et kéint e ganz neit Element am Prozess ronderëm den 2015 verschwonnen Puppelche Bianka Bisdorff sinn. D‘Mamm ass ënnert anerem wéinst Mord an Doudschlag un hirem Meedchen ugeklot, et gëtt allerdéngs keng Läich fir d‘Reprochen ze beweisen. De Matbewunner hätt d‘Ausso vun der Mamm esouguer mat sengem Tablet gefilmt. Well dat fir de Parquet eng nei Informatioun war, gouf den Tablet doropshi saiséiert, d‘Videoopname sollen an den nächsten Deeg ausgewäert ginn.

Eigentlech dierfen esou privat Opnamen net verwäert ginn, ma d‘Lëtzebuerger Jurisprudenz géif et awer hierginn, d‘Opnamen ze benotzen, wa se e Crime beleeën, dee méi schlëmm wier wéi d‘Violatioun vun der Privatsphär. Dat misst elo gekuckt ginn.

 Zeien: „Keng Gedanke gemaach“

Nieft dem aktuelle Matbewunner huet dann och dee Mann ausgesot, deen déi Ugekloten, den Dag éier de Puppelche verschwonnen ass, doheem bei sech schlofe gelooss huet.

Op d‘Nofro vun der Riichterin, wéi et dem Këndche gaange wier an ob hien et héieren hätt, sot de Mann:

„Ech hunn et net eemol héiere gehat“. Et wier een deen Owend aus dem Café heemkomm an alkoholiséiert gewiescht, soudass hie sech doriwwer keng Gedanke gemaach hätt. Hie kéint sech och net méi un den Detail vun der Zäit erënneren.

Keng Gedanke gemaach, dat ass eng Ausso, déi och den aktuelle Matbewunner mécht. Wéi d‘Mamm enges Daags verschwonnen ass an ouni de Puppelchen nees zeréck koum, hätt si behaapt, d‘ Kand wier bei enger Tatta. Hannerfrot hätt hien dat net. „Ech gi jo zou, ech hunn och Feeler gemaach“, sot de Mann.

Kee vu béide Männer konnt soen, ob d'Mamm d‘Këndche gefiddert hätt, ob et ëm gutt gaange wier, respektiv ob d‘Mamm sech iwwerhaapt iergendwéi op d‘Gebuert vum Kand preparéiert hätt, andeems se beispillsweis Mëllech a Pampersse kaf hätt.

Psychiater: „Net wahnhaft, mee këndlech naiv“

Keng Gedanke gemaach, hätt sech och d‘Mamm selwer, jiddefalls wann een den zwee Experten e Mëttwoch nogelauschtert huet. De Psychiater huet uginn, d‘Fra géif bal keng Emotioune spieren a kéint sech negativen Evenementer net stellen a wier net à même, realistesch Zukunftspläng ze maachen.

Och wann dat klengt Bianka verschwonne wier an déi aner Kanner hir ewech geholl gi wieren, hätt si d‘Gefill, mental mat hire Kanner am Kontakt ze stoen. D‘Fra hätt psychesch opfälleg Tendenzen hätt, wier awer net am psychiatresche Sënn krank. De Psycholog koum zu enger änlecher Aschätzung.

D‘Mamm selwer war ewéi schonn déi Deeg virdrun net do. Wéi et mam eventuelle Geständnes op de Videoe vum Matbewunner weidergeet, gëtt nächste Mëttwoch thematiséiert.