Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess Bianka Bisdorff: Wichteg Aenzeie sinn net komm

Um Freideg war et un den Zeien, déi d‘Fra fir d‘lescht de 15. Juni 2015 mat dem Këndche bei de Lénger Weiere gesinn haten.

Do wier si eng Zäit mat dem Kand um Arem ronderëm gaangen, éier se bemol ouni Kand nees opgetaucht wier. Et sinn déi wichtegst Aenzeien an dësem Prozess, ma d‘Aussoe waren deelweis mat Schwieregkeete verbonnen. Dat, well 3 vun de 5 geluedenen Zeien de Freideg de Moie guer net eréischt opgetaucht waren, dorënner déi zwee fréier Gemengenaarbechter, déi d‘Fra fir d‘Lescht mam Kand bei de Weiere gesinn haten.

Ee vun hinne gouf da mat der Policeeskort vu Péiteng an de Geriichtssall bruecht, deen anere konnt net ugetraff ginn. Eng weider Fra, déi och iwwert déi Ugeklote sollt aussoen, war och net komm.

De concernéierten Aarbechter huet um Freideg nach eemol seng Ausso virun der Police am Juli 2015 confirméiert, wéi si d‘Fra bei de Weiere gesinn hätten, hätt hien e schlecht Bauchgefill gehat an doropshi säi Chef ugeruff, deen d‘Mamm nach eemol mat der Fro konfrontéiert hätt, wou dat kléngt Bianka bliwwe wier.

Déi Ugekloten hätt dee Moment geäntwert, eng Tatta wier de Puppelche mam Vëlo siche komm. Doropshin hätt een zu dräi d‘Gestrëpp an eng al Brak ronderëm de Weier ofgesicht, awer näischt fonnt.

Dass déi aner Zeien net opgetaucht wieren, wier schlecht, et wiere jo net grad déi onwichtegst Zeien, sot d‘Riichterin.

Sollt et dem Parquet net geléngen, an dësem Prozess d‘Schold vun der Fra um Doud vun hirer ee Mount aler Duechter nozeweisen, kéint si net nach eng Kéier fir de Mord an den Doudschlag un hirem Kand ugeklot ginn - net emol, wann nei Beweiser géifen optauchen, déi d‘Schold vun der Fra géinge beleeën. Sie wier also fräi, well aner Strofdote scho verjäert wieren, an hätt da just déi 14 Méint an Untersuchungshaft gesiess.

D‘Zeien, déi de Moien net do ware, kruten eng Geldstrof vu je 500 Euro a mussen déi nächst Woch aussoen, noutfalls géife se vun der Police op d‘Geriicht eskortéiert.