Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess ëm déidlech Schëss zu Bouneweg: Den Ugeklote war "Law and Order"

Am Prozess ëm de fréiere Polizist, deen am Déngscht 2018 en Autofuerer erschoss huet, koum en Donneschdeg den Enquêteur vun der IGP zu Wuert.

Méi wéi ëm d’Faite selwer vum Abrëll 2018 goung et en Donneschdeg ëm e méiglechen Dysfonctionement bei der Police.

"Hien war Law and Order", huet den Enquêteur vun der Inspection Generale de la Police (IGP) iwwert den Ugeklote gesot. Wann eng Kläpperei mat 10 Leit gewiescht wier, wier hien net deen, dee Verstäerkung ugefuerdert hätt, mee e wier direkt dohinner gaangen.

Vill vun den Aarbechtskolleegen um Kommissariat zu Bouneweg hätten dofir net wollte mat him zesummeschaffen. Gestéiert huet si och, datt den Ugeklote permanent mat senger Waff gespillt hätt. Hien wier wéi e Kand gewiescht, dat op der Fouer eng Waff gewonnen huet, soll ee vun de Beamte gesot hunn. Dëst wieren alles Faiten, déi ville bekannt waren, mee et hätt keen eppes ënnerholl, an engem Virgesetzte gemellt, sou den Enquêteur.

Den Ugekloten, deemools 22 Joer al an eréischt 8 Méint am Déngscht, soll dann direkt no de Faiten, also nodeems e Mënsch duerch hien ëm d’Liewe komm ass, gesot hunn: "Putain, ech hoffen ech kréie meng Waff geschwënn erëm, soss kann ech kee méi bläien". Dommt Geschwätz ënner Kolleegen, oder Manktem un Empathie?
"Wann ee kuckt gesäit een, datt dat net just eemol en domme Witz war", ënnersträicht den Enquêteur. Doriwwer eraus wier dat Gespills mat der Waff en "No-Go". Dem Ugeklote gëtt doriwwer eraus och virgehäit, um Kommissariat eng Kéier seng Waff op en Toxikoman geriicht ze hunn, wou dësen net gekuckt huet.

Och säi Verhalen den 18. Abrëll 2018 gëtt a Fro gestallt. Den Auto ass op hien duergefuer, an de Chauffeur huet net op seng Opfuerderung stoen ze bleiwen reagéiert. "Et schéisst een net op en Auto", seet den Enquêteur vun der IGP. Dëst géing nämlech näischt bréngen, well och aner Leit kéinten am Auto sinn, an den Auto doduerch och net géing stoe bleiwen. "Et brauch een eng gewësse kachgliddegt, fir an där Situatioun stoen ze bleiwen", betount d’Vertriederin vum Parquet.

D’Riichterin huet dann och nach gefrot, wéi opportun déi ganz Course Poursuite iwwerhaapt war. Den Enquêteur huet drop higewisen, datt et nach ëmmer keng Note de Service fir Course Poursuitte bei der Police gëtt. Just eng Broschür vun 2008. En Ëmstand, deen och scho rezent staark kritiséiert gi war bei engem Prozess zu Dikrech. Dësen huet ëm eng Course Poursuite, och am Abrëll 2018, um Lausduer am Norde vum Land gedréint, bei där ee Polizist ëm d’Liewe koum, an eng Polizistin schwéier blesséiert gouf.

All dës Faiten hunn näischt direkt mam Ëmstand ze dinn, ob den Ugekloten deen Dag aus Noutwier gehandelt huet, wou e seng Waff op de Chauffeur geriicht huet, an ofgedréckt huet. Hätt hien d’Méiglechkeet gehat dem Auto aus dem Wee ze kommen? E schwaarze Mercedes, dee mat enger 30 Stonnekilometer op en duergesteiert gouf, an eréischt 0,7 Sekonne virum Opprall no lénks gezu gouf.

Den Dag um Geriicht en Donneschdeg huet méi Dysfonctionementer bei der Police generell gewisen, wéi enger Äntwert op dës Fro méi no ze kommen. "All déi Virfäll hätte missten éischter ënnerbrach ginn", huet den Enquêteur vun der IGP festgehalen.