Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess ëm Kierperverletzung an enger Crèche: "Si weess net, wéi ee mat Kanner schafft"

Och an der zweeter Prozesswoch géint déi fréier Gerante vun der Crèche "Léiwe Léiw" huet kee vun den deemolege Salariéen d’Situatioun do als gutt empfonnt.

"Si war keng, mat där een diskutéiere konnt". "Si ass eng, déi net fir de Metier gemaach ass "Si ass wierklech aggressiv. "Si weess net, wéi ee mat Kanner schafft", dat sinn d’Reprochë vun enger Educatrice, déi zwee an en hallwe Mount an der Crèche geschafft huet, an d’Richtung vun der fréierer Patronne. Dës huet doropshin ëmmer nees de Kapp gerëselt, oder gesot, dass et net wouer wier. De Riichter huet si drop higewisen, dëst ze ënnerloossen.

Och d’Temoignagë vun de fréiere Salariéen aus der Crèche um Dënschdegmëtten, hunn d’Aussoe vun den Zéien déi Woch virdru confirméiert. Ganz schlëmm wier d’Situatioun an der Crèche beim Iesse gewiescht, wou alles genee geplangt gewiescht wier, an hätt misste ganz séier goen. "Si huet d’Kanner op eng schro Manéier forcéiert z’iessen, hinnen de Mond opgehalen, an ze grouss Portioune beieneen an de Mond gestach", esou d’Fra, déi bis zu der Fermeture am Oktober 2017 do geschafft huet. Deels hätten d’Kanner gegierkst oder sech esouguer iwwerginn.

Weider huet si nach reprochéiert, dass d’Hygiène an der Crèche net an der Rei gewiescht wier. Besonnesch un de Wëndele wier gespuert ginn. Dës wieren deels just zu bestëmmten Auerzäite gewiesselt ginn. Wann e Kand moies komm wier, an nach eng Pampers unhat, déi et den Dag iwwer net gebraucht huet, wier dës ausgedoe ginn, a gehalen. An och emol fir en anert Kand benotzt. D’Wëndele wiere rationéiert gewiescht an et wier alles gemaach ginn, fir ze spueren. Aussoen, déi och vun aner Zéien, déi an der Crèche geschafft hunn, gemaach goufen.

Et hätt dann och eng jonk Fra do geschafft, déi vun der Ugeklote wéi en Sklave behandelt gi wier, sou eng vun den Zéien nach. Dobäi handelt et sech ëm déi haut 32 Joer al Niess vun der Ugekloten. Wou si virun d’Riichter getratt ass, fir hir Aussoen ze maachen, krut si ugangs kee Wuert eraus. "Ech kann net, wa si am Sall ass", sot si ënner Tréinen. Nodeems de Riichter si berouegt hat, sot si aus, dass si vun hirer Tatta vernannt, mat den Hoer gerappt a geschloe ginn ass, wa si beim Botzen "e Feeler" gemaach hätt. Och hätt si doduerch blo Flecken um Arem gehat. Hir Tatta hat hir ugebueden, an der Crèche ze botzen, fir Suen ze verdéngen, wëll si wéinst enger héijer Handysrechnung Scholden hat. Donieft huet déi jonk Fra sech awer och mat ëm d’Kanner an der Crèche gekëmmert. An och si huet temoignéiert, dass villes net esou gelaf wier, wéi dat an enger Crèche hätt solle sinn.

Vun all deem hunn d’Eltere vun de Kanner, déi den Ament vun der Fermeture do an der Crèche waren, awer näischt matkritt. Véier Eltere sinn en Dënschdeg als Zéie gehéiert ginn. Si hu keng besonnesch Observatioune bei hire Kanner gemaach. Et hätt e gutt Verhältnis tëscht der Ugekloten an den Eltere ginn, sot eng vun de fréiere Salariéen aus. Mä dat wier alles Show gewiescht. Dat wichtegt fir hir fréier Patronne wier net d’Wuel vum Kand gewiescht, mä d’Zefriddenheet vun den Elteren.

Der Ugeklote gëtt premeditéiert Kierperverletzung géint 15 Kanner aus der Crèche an géint op d'mannst dräi Salariéeë virgehäit.