Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess iwwer Abus de faiblesse: "Et ass eng krass Geschicht"

Dat sot de Bouf vun engem vun den Affer um Méindeg viru Geriicht.

Prozess iwwer Abus de faiblesse/Reportage Michèle Sinner

Säi Papp hat d’Ugekloten, där virgeworf gëtt, tëscht 2015 an 2021 sechs eelere Leit ronn 380.000 Euro ofgeluchst oder geklaut ze hunn, zu Réimech op der Esplanade kennegeléiert. Hien huet erzielt, si hat sech nieft hien op eng Bänk gesat an ëm gesot, si géif erwaarden a wéisst net wouhin. Si hätt seng Hand geholl a wier domat iwwert hire Bauch gefuer. Kuerz dono wier eng Frëndin komm a si wieren him duerch d’Hoer gefuer. Hie misst bei de Coiffeur, mee d’Frëndin kéint dat maachen. Sou wieren déi zwou Frae mam Mann heem op Munneref gefuer an hätten him um Balcon d’Hoer geschnidden. An, well et net propper am Appartement gewiescht wier, gebotzt. De Mann, dee vill Boergeld doheem verstoppt hat, huet sengem Bouf kuerz dono gezielt, en hätt immens léif Meedercher kennegeléiert. Ma en Deel vun de Suen, déi hien doheem verstoppt hat a seng Bijoue waren dono fort.

"Hien war dement", sot de Bouf viru Geriicht. Dat war zu engem spéideren Zäitpunkt och vun engem Dokter diagnostizéiert ginn. "Hien huet dat natierlech flott fonnt, datt e geheemelt ginn ass an datt e Komplimenter gemaach krut." Dofir huet en och mat sengem Bouf gestridden, wéi deen e gefrot huet, firwat e sou vill Sue vu sengem Kont opgehuewen hätt an eng Plainte wollt maachen.

D’Ugekloten hätt dem Bouf souguer proposéiert, fir de Mann bei sech ze huelen, well en net méi no sech selwer kéint kucken. Dat hat hien awer refuséiert. Alles an allem 63.700 Euro soll de Mann der Ugeklote ginn hunn. Ee Mann, deen ni Sue fir sech selwer ausginn hätt a mëttes eng dréche Baguette giess hätt.

Hie wéilt net, datt et anere Leit d’Nämmlecht géing ergoen, esou säi Bouf viru Geriicht. An esou eng Situatioun kéint jo jiddereen geroden.

D’Ugeklote selwer huet ofgestridden, datt de Mann hir esou vill Sue ginn hätt. Wéi si mat hirer Ausso dru koum, sot si, en hätt hir just 50 Euro ginn, well se mat em akafe gaangen wier a gebotzt hätt. Si huet eng ganz Rei Faiten zouginn, wat aner Affer ugeet a sech méi wéi emol entschëllegt, mee sot, si wéilt just déi Saachen op sech huelen, déi se och gemaach hätt.

Si huet hir Aussoe changéiert par Rapport zu deem, wat se bei der Police a beim Untersuchungsriichter gesot hat. Si sot, hire Mann hätt si ënner Drock gesat an ugestëft – wat de virsëtzende Riichter an de Vertrieder vum Parquet hir net wollten ofhuelen. Dat well et vun hirem Mann am Dossier keng Spuer gëtt.

De Riichter huet d’Ugekloten nawell ferm ënner Drock gesat. Bis si gekrasch an erkläert huet, si hätt sech virun hire Kanner geschummt, wéinst deem, wat tëscht hir an verschiddene vun deenen eeleren Männer geschitt wier, dofir hätt si gesot, si hätt fir se gebotzt. De Riichter huet d’Sitzung dunn opgehuewen. De Prozess geet um Mëttwoch weider. Da kënnt d’Ugeklote weider zu Wuert.