Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Prozess wéinst versichtem Doudschlag: Fra huet Sauerstoffgerät vun Zëmmernopesch ausgemaach - ze vill Kaméidi

An Däitschland setzt den Ament eng Fra an Untersuchungshaft, wëll si am Spidol d'Sauerstoffgerät vun hirer Zëmmernopesch ausgemaach soll hunn.

Der 72 Joer aler Fra hir 79 Joer al Zëmmernopesch an engem Spidol Mannheim wier op eng maschinell Versuergung mat Sauerstoff ugewise gewiescht, wéi d'Police an de Parquet en Donneschdeg matgedeelt hunn.

Trotzdeem huet déi Beschëllegt d'Maschinn en Dënschdeg den Owend direkt zweemol ausgemaach. D'Geräisch hätten d'Fra gestéiert, heescht et. No der éischter Kéier war déi 72 Joer al Fra vu Spidolsmataarbechter drop higewise ginn, datt d'Sauerstoffmaschinn fir hir Zëmmernopesch liewenswichteg wier. Dat schéngt si awer net weider beandrockt ze hunn - just kuerz Zäit drop huet si d'Maschinn nees ausgemaach.

Déi 79 Joer al Patientin misst reaniméiert ginn. Si wier zwar antëscht ausser Liewensgefor, mee si wier weiderhin op der Intensivstatioun. Géint déi 72 Joer al Fra gëtt elo wéinst versichtem Doudschlag ermëttelt. Tëschenzäitlech huet den Haftriichter si schonn emol an de Prisong geschéckt.