Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Quadripartite: MouvEco begréisst Denkustouss vum Rechnungshaff

Als eng "äusserst pertinent Ureegung" beschreift de Mouvement écologique d'Propositioun vum Rechnungshaff, d'Tripartite an eng Quadripartite ëmzewandelen.

An hirem Avis fir de Staatsbudget huet d'Cour des comptes dofir plädéiert, datt och d'Ëmweltorganisatiounen do vertruede wieren. De MouvEco huet dat en Dënschdeg ausdrécklech an engem Schreiwes begréisst. Obwuel de Klimawandel all d'Secteure betrëfft, géing d'Stëmm aus der Zivilgesellschaft bis haut net an de klassesche Gremie gehéiert ginn.

D'Ëmweltorganisatioun widdersprécht och explizitt dem Wirtschaftsminister Franz Fayot, dee sech dogéint ausgeschwat huet, fir d'Tripartite méi grouss opzemaachen a sot, den Echange mat den Acteuren aus Ëmwelt- a Klimaschutz géing op anere Plaze stattfannen. An der Realitéit hätte bis ewell weder de Premier nach de Wirtschaftsminister oder d'Finanzministesch d'Meenung zum Beispill vum Mouvement écologique gefrot. Allgemeng wieren Echangë rare.
Wéi de MouvEco präziséiert, géing ee begréissen, datt déi Diskussioun ugestouss gëtt, ouni awer wëllen Stellung dozou ze huelen, datt d’Tripartite soll an eng Quadripartite ëmgewandelt ginn.