Skyline vun New York / © AFP
Deier Energie an eng héich Inflatioun loossen d'Liewenserhalungskäschte weltwäit an d'Luucht schéissen.
D'Logementssituatioun bleift ugespaant zu Lëtzebuerg a mécht ville Leit Suergen, ma am internationale Verglach ass d'Stad Lëtzebuerg nawell zréck gefall. Enger Enquête no, déi all Joers vun der Economist Intelligence Unit, enk verbonne mat der brittescher Wochenzäitung Economist, gemaach gëtt, ass d'Stad Lëtzebuerg elo op der 104. Plaz. Domat ass d'Stad mat Stockholm am stäerksten zréckgefall. Déi deierst Stied fir ze wunnen op der Welt sinn New York a Singapur. Tel Aviv ass vun der éischter op déi 3. Plaz zréck gefall.