Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Reaktioun op 3. Nationale Naturschutzplang: Lëtzebuerger Privatbësch asbl fuerdert eenheetlech Ëmsetzung vun de Gesetzer

Wat d’Ëmsetzung vum 3. Naturschutzplang ugeet plaidéieren déi Responsabel aus dem Ëmweltministère fir eng breet Zesummenaarbecht mam Bierger.

Méi speziell ass, wann et ëm Biodiversitéit geet, de Secteur vun der Landwirtschaft viséiert, mee well och eis Bëscher solle geschount a restauréiert ginn, spillen och d'Proprietären eng wichteg Roll. Iwwer d’Hallschent vum Lëtzebuerger Bësch gehéiert Privatleit, déi deels aktiv Bëschwirtschaft bedreiwen... An d'asbl Lëtzebuerger Privatbësch freet elo eng eenheetlech Ëmsetzung vun de Gesetzer. Ëmmer nees kréich een et, als aktive Bësch-Proprietäre mat neie Reegelen a Gesetzesännerungen ze dinn, erkläert de Winfried von Loë. Als Groupement des sylviculteurs versteet ee sech ënnert anerem als Beroder, am Sënn vun enger nohalteger Bëschwirtschaft, steet um Site vum Lëtzebuerger Privatbësch. Geklot géif eben dacks iwwer onkloer Reegelen. Och a Natura 2000-Schutzgebidder däerf ee schaffen, erkläert de passionéierte Bëschfrënd, et gi Virschrëften, déi fir Gemengen- a Staatsbëscher gëllen, engem Privatmann säi Bësch wier e Stéck méi fräi. Et géif mat Direktiven, Richtlinnen geschafft. Mä wéi geet dat, wann ee net iwwer se Bescheed weess, freet sech de Winfried von Loë vun der Lëtzebuerger Privatbësch asbl.

E Fierschter wier kee Bësch-Polizist!

Et misst een als Ministère de Kontakt mat de Leit sichen, se net eleng iwwert den Internet opklären. An och dem Fierschter net alles iwwerloossen. Déi hätten, an dat géife se selwer soen, scho guer keng Loscht, "Avertissements taxés" ze schreiwen. Dat ass eng zousätzlech Missioun, duerch e Reglement, dat zejoert a Kraaft getrueden ass. Bléck fir déi Zort "Pretekoll" ze schreiwen, ginn et wéi et schéngt ëmmer nach keng.

E Fierschter wier eben fir unzefänken e Bëschaarbechter a kee Bësch-Polizist, zu deem se awer an der Verwaltung, ëmmer méi gemaach géifen.

An de Privatbëscher géif nohalteg gewirtschaft

D’asbl Privatbësch steet als éischt emol fir Bëschwirtschaft. Eis Bëscher schützen heescht jo och net automatesch eng Bewirtschaftung verbidden , seet den Ëmweltministère. Wier och net néideg, setzt eisen Expert dobäi, well alles nohalteg géing lafen.

D’Zesummenaarbecht haut, mat Verwaltung a Ministère, wier awer net ëmmer 100% wéi se sollt sinn, kéint a sollt dofir verbessert ginn. Gefuerdert gëtt: d’Gesetzer iwwerall d’selwecht z’applizéieren!

Fuerderung no eenheetlecher Ëmsetzung vun de Gesetzer

D’Gesetzer géifen net ëmmer eenheetlech applizéiert, sou de Winfried von Loë, dee sech iwwer Onkloerheete bei de Subsiden opreegt. En anert Beispill dann am Kontext vum Kalschlag um Schumannseck: et kéim zum Beispill vir, dass, deen, deen am Éislek eng Demande mécht, fir eng Parzell ofzeholzen, déi de Borkenkäfer op Besuch hat, an en anere dat selwecht am Minett freet, hei zwouërlee Äntwerte kéimen. Et géif och vum Fierschter an dono deem sengem Preposé ofhänken, sou de Vertrieder vum Lëtzebuerger Privatbësch.

Doduercher kéim schlecht Stëmmung op, fënnt eise Bëschliibhaber, deen eppes essentiel nennt: Freed um Bësch hunn!