Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Reaktioun Waardelëschte bei Fraenhaiser: "Déi concernéiert Frae ginn net am Stach gelooss"

Esou reagéiert d'Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding am RTL-Interview op d'Aussoe vun der Danielle Becker-Bauer vum nationale Fraerot.

"Et gi Waardelëschten an de Fraenhaiser, mee dat heescht net, datt mer déi concernéiert Fraen am Stach loossen", dat huet d'Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding am RTL-Interview betount an domat op d'Aussoe vun der Danielle Becker-Bauer vum nationale Fraerot reagéiert, déi de e Freideg de Moien Invité vun der Redaktioun war.

Och wann et aktuell Waardelëschte géife ginn, géif dat op kee Fall heeschen, datt en Affer misst zréck an de Stot, wou de Partner gewalttäteg ginn ass. D'Taina Bofferding: "Se soll den 113 uruffen an dee Moment gëtt den Täter wech gewisen. Dann hu mer och Urgence-Better an de Fraenhaiser, an och wa Waardelëschte sinn an d'Situatioun ass awer ganz akut, am Noutfall gëtt Persoun an en Hotelszëmmer ënnerbruecht."

Et géif keen am Stach gelooss ginn. Duerch déi ugespaante Situatioun um Wunnengsmaart bedéngt awer, datt vill Fraen um reguläre Marché keng Wunneng fannen an dowéinst méi laang am Fraenhaus bleiwen, wéi et u sech virgesinn ass. Dofir och den Appell vun der Ministesch un d'Gemengen:

D'Ministesch Taina Bofferding

Donieft wieren nach eng Partie Projeten an der Pipeline. Ënnert anerem sol Enn dës Joers eng Struktur fir Affer vu Mënschenhandel opgoen. Et wier awer evident datt wann do net all d'Better besat wieren och Affer vun haislecher Gewalt do ënner komme kéinten.