Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Reaktioune vum Patronat: Tripartite dierf keng reng Diskussioun ëm den Index ginn

Bal zwou an eng hallef Stonne souze Regierung a Patronat e Mëttwoch zesummen, fir d'Tripartite, déi e Sonndeg ufänkt, ze preparéieren.

Datt d'Entrevue sou laang gedauert huet, louch drun, datt een d'Situatioun vun der Lëtzebuerger Ekonomie bis an de Fong diskutéiert huet. Souwuel d'Vertrieder vun de verschiddene Wirtschaftssecteuren, wéi och de Statec hunn hir Zuele presentéiert. Dem President vun der UEL, Michel Reckinger, no wieren d'Chiffere vun deenen zwou Säite ganz änlech a géinge beleeën, datt Lëtzebuerg op haart Zäiten zousteiert.

Extrait Michel Reckinger (1)

Nieft de Bauentreprisë wiere wéinst deenen héijen Energiepräisser an hire Suitten awer och d'Industrie an d'Fongen haart getraff. Virun deem Hannergrond schwätzt ee sech bei der UEL och kategoresch dogéint aus, datt d'Tripartite zu enger renger Diskussioun ëm den Index gëtt. Fir déi nächst 18 Méint misste vill méi wäitreechend Mesurë wéi d'Ausbezuele vun Indextranchen ëmgesat ginn.

Extrait Michel Reckinger (2)

En Donneschdeg am Moiesjournal gëtt et dann och d'Reaktioune vun de Gewerkschaftsvertrieder, déi nom Patronat mat der Regierung de Point gemaach hunn.