Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Recherche zu Lëtzebuerg: De "Science for Society"-Präis geet dëst Joer un d'COVID-19 Task Force

De Präis gouf vum Professer Paul Wilmes vun der Universitéit Lëtzebuerg entgéint geholl, deen "Research Luxembourg COVID-19 Task Force" vertrëtt.

D'COVID-19 Task Force ass e Kollektiv vun enger ganzer Partie Lëtzebuerger Fuerschungsariichtungen, déi ënner "Research Luxembourg" zesummegefaasst ginn. Dës Task Force gouf elo fir hir "Schlësselroll bei der Koordinatioun" tëscht den nationale Fuerschungsinstituter an der Regierung geéiert. Dobäi kéim, dass eng weider wichteg Roll vun dëser Task Force d'Opklärung vun der Ëffentlechkeet op Basis vu wëssenschaftlechen Daten ass.

Duerch dat reegelméissegt Bereetstelle vun Date wärend der Pandemie, hätt d'COVID-19 Task Force dozou bäigedroen, wichteg Decisioune bannent der Regierung, wéi zum Beispill d'Aféiere vun engem grouss ugeluechten Test-Programm (Large-Scale), kënnen ze treffen an hätt effektiv déi Schwächsten an der Gesellschaft geschützt, ma an engems dës Gesellschaft awer fir anerer sou oppe wéi méiglech ze halen, esou d'Fondation de Luxembourg an engem Schreiwes. Och huet d'Task Force d'Land iwwert de Wee vu reegelméissege Pressekonferenzen informéiert an um Lafende gehalen.

Der WHO no huet sech de Grand-Duché am Verlaf vun der Pandemie un d'Spëtzt vun deene Länner an der EU placéiert, déi déi niddregst Stierflechkeet am Zesummenhang mam Corona-Virus hunn. Och vun der OECD koum Luef am leschte Rapport, dat fir déi séier Reaktioun vum Land an ebe grad fir d'Schafe vun der COVID-19-Task Force Research Luxembourg direkt am Ufank vun der Kris.

D'Jury ëm de Science for Society Price ass onofhängeg a besteet aus Memberen aus der Fuerschung, Acteuren aus dem Technologie-Secteur, Féierungskräften an der Presse. De Präis gëtt zesumme mam FNR, dem Luxembourg National Research Fund an der Science for Society Foundation organiséiert. De Präis ass mat 5.000 Euro dotéiert.