Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Récksiicht op Leit mat Autismus: Heures silencieuses fir akafen ze goen

Récksiicht op Leit mat Autismus

Fir eng Persoun ouni Autismus oder Hypersensibilitéit ass et dacks schwéier ze verstoen, wéi ustrengend et ka sinn normal alldeeglech Akeef ze maachen.

Heures silencieuses an de Geschäfter / Reportage Lisa Weisgerber

Virun allem wann een dofir an e gréisseren Akafszenter muss goen. Et kéint een dat mat enger Visitt op der Schueberfouer vergläichen, esou d'Joanne Theisen, déi selwer mat Hypersensibilitéit ze kämpfen huet.

Fir datt dës Leit an enger méi agreabeler Atmosphär kënnen akafen goen, ginn et elo schonn an zwee Shoppingzenteren hei am Land sougenannten heures silencieuses, wéi den Integratiounsminister Max Hahn erkläert.

De Projet gouf Enn Juni vum enger Grande-Surface um Kierchbierg lancéiert. Ufank August krut de Ministère fir Familljen an Integratioun de Projet virgestallt an huet en doropshin opgegraff fir e landeswäit auszebauen. Um Projet sinn eng ganz Rei Acteure bedeelegt, ënnert anerem déi lëtzebuergesch Handelskonfederatioun. Butteker, déi bei dëser Aktioun wëlle matmaachen, kënne sech hei mellen, esou den Direkter, Tom Baumert.