Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Reduzéiert Isolatiounszäit op 4 Deeg: Santé wëll Problem duerch ze vill Krankeschäiner an der Aarbechtswelt evitéieren

D'Regierung wëll mam neie Covid-Gesetz d'Restriktioune bis viraussiichtlech Enn Mäerz dat nächst Joer just nach op e Minimum reduzéieren.

Den Text ass e Mëttwoch duerch de Regierungsrot gaangen a muss virun Enn des Mounts gestëmmt ginn. Blo-Rout-Gréng behält sech awer d'Optioun, fir d'Gesetz am Noutfall séier z'adaptéieren, sollt méi eng schwéier Variant optrieden. En attendant ass virgesinn, d'Isolatiounsdauer vu 7 op 4 Deeg erofzesetzen. Zil ass fir z'evitéieren, datt ze vill Krankeschäiner an der Aarbechtswelt zu Problemer féieren. Wann e Covid-Patient nom 4. Dag nach Symptomer huet, muss e mat sengem Dokter kucken, fir de Krankeschäin verlängert ze kréien.

De systematesche Contact-Tracing leeft Enn des Mounts och aus a gëtt duerno net méi weider gefouert. De sougenannte forcéierten Herbergement, dee bis elo nach am Gesetztext dra stoung, gëtt gestrach. Dat wier bis elo ni zanter dem Ufank vun der Pandemie applizéiert ginn a wier och net méi proportional. Dat ass awer net ze verwiessele mat der Isolatioun. Déi bleift a gëtt eben op 4 Deeg reduzéiert.

Jiddereen iwwer 12 Joer ka sech an Zukunft dann eng zweete Kéier "boostere" loossen. D'Regierung baséiert sech heifir op en Avis vum Conseil supérieur des maladies infectieuses vun Enn September. Bis elo war den zweete Rappell jo nëmmen zougelooss fir Leit vu 60 Joer un a vulnerabel Persounen. D'Santé wëll awer besonnesch eeler Leit nach méi sensibiliséieren, hiren zweete Booster maachen ze loossen. Donieft gëtt den zweete Rappell och fir d'Santéspersonal encouragéiert.

Doriwwer eraus wëll d'Santésdirektioun d'Testrecommandatiounen iwwerschaffen. Tester sollen an Zukunft just nach fir symptomatesch Leit limitéiert sinn, besonnesch wann et sech ëm Vulnerabeler handelt.