Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Remboursement Psychotherapie: Minister huet Fangerspëtzegefill bewisen, sou de Christian Oberlé

Bei der CNS wier een erliichtert, datt elo eng Léisung do wier, esou de President vun der Gesondheetskeess. Guer net zefridden ass d'AMMD.

Bis zu 147 Psychotherapie-Seance kann ee vun nächstem Mëttwoch un iwwer 10 Joer rembourséiert kréien. D'Gesondheetskeess iwwerhëlt dobäi bei Mannerjäregen 100 Prozent vun de Fraisen a bei Erwuessene 70 Prozent.

Et muss een och net bei den Dokter goen, iert ee mat der Psychotherapie ufänkt, et kann ee fir d'éischt eng bis dräi Kéiere bei de Psychotherapeut goen. No deenen éischte Rendezvousen soll awer en Dokter iwwerpréiwen ob et keng Contre-indication gëtt, erkläert de President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé.

"Dat kann zum Beispill sinn, dass de Patient e somatesche Problem huet, dass een e Problem huet, dass e vläicht Medikamenter brauch, oder wat och ëmmer. Mee et ass fir eis wichteg, dass awer och eng Kéier vum Dokter nogekuckt gëtt, ass et elo sënnvoll, dass een d'Psychotherapien eleng mécht, ass et sënnvoll dass se accompagnéiert gi vun engem Dokter oder engem Psychiater oder wat och ëmmer oder ass et sënnvoll als éischt mol nach bei e Psychiater ze goen, iert ee bei de Psychotherapeut geet, also et sinn eigentlech esou Froen, wou den Dokter och soll eng Meenung dozou ginn."

Et kritt een dann entweder 12 oder 24 Seancen opgeschriwwen, déi bis zu 5 mol kënne verlängert ginn, all Kéiers awer mat engem Rendezvous beim Dokter dotëscht, fir sécher ze goen, datt keng Contre-Indication virläit. Dës Modalitéite gëllen elo mol fir eng Pilotphas vun 2 Joer wärend där d'CNS an d'Federatioun vun de Psychotherapeute sech reegelméisseg gesinn an evaluéieren ob dat gutt fonctionéiert.

"Wéi entwéckelt sech d'ganz Offer, wéi héich ass d'Demande, sinn eventuell Waardeschlaangen, musse mer nach aner Léisunge fannen, wat alles en charge geholl gëtt, sinn eventuell Saachen, wou sech herno rausstellt, datt dat net soll en Charge geholl gi vun enger Gesondheetskeess. Also do bleiwe mer op, mir hunn de Perimeter jo ganz wäit opgemaach, mir hunn och ganz wéineg Kontrolle muss ech soen, an de System gesat, well mer dovun ausginn, datt d'Psychotherapeuten dat do ganz professionell uginn a wann dat sech erausstellt dass dat dann och esou fonctionéiert gesi mer och elo net an datt mer de System méi schwéierfälleg solle maachen."

D'Gesondheetskeess an d'Fapsylux ware sech no jorelaange Verhandlungen net eens ginn, sou datt den Tarif vun 144 Euro pro Seance per groussherzoglecht Reglement vum Minister decidéiert gouf. Bei der CNS wier een erliichtert, datt elo eng Léisung do wier, sou de Christian Oberlé.

"Et ass jo net deen Tarif, dee mir eis virgestallt hunn, mee mir ware jo och déi déi gesot hunn, wa mer elo net weiderkommen, sollen anerer fir eis decidéieren. Mir hunn dat wierklech gesicht, an ech denken, dass de Minister seng Saach gutt gemaach huet. Wann ee muss eng Entscheedung huelen, et ass och e bëssen e Risiko hannendrun, et muss een och e bësse Courage hunn, ech mengen de Minister hat do éischtens Courage an zweetens d'Fangerspëtzegefill, fir do awer iergendwou tëschent deenen 2 Positiounen eppes ze fannen, wat fir jiddwereen awer ok ass."

Och vun der Federatioun vun de Psychotherapeuten hat et dës Woch geheescht, datt ee gutt mam Tarif liewe kéint a frou wier, datt de Remboursement elo ufänkt.

AMMD fuerdert, dass groussherzoglecht Reglement zeréckgezu gëtt

Vun e Mëttwoch u soll d’Psychotherapie rembourséiert ginn zu Lëtzebuerg – d’Doktesch- an Zänndokteschassociatioun fuerdert elo awer, datt dat deementspriechend groussherzoglecht Reglement zréckgezu gëtt. Dat schreift d’AMMD an engem Communiqué um Freideg de Mëtten. Dem Sozialminister géing et u Respekt virum Rechtsstaat an der Demokratie feelen. Hannergrond vum Reproche ass den Avis vum Staatsrot, deen drop hiweist, datt d’Reglement keng gesetzlech Basis huet an domat net am Aklang mat der Verfassung ass. De Minister Claude Haagen hat dozou gesot, datt de Code vun der securite sociale iwwerschafft géing ginn, fir dës juristesch Onsécherheet aus der Welt ze schafen. D’Dokteschassociatioun weist sech entsat iwwert d’Decisioun vum Minister. An hiren Ae wier et och scho laang méiglech gewiescht am Kader vun den aktuelle Gesetzer e Remboursement z’erméiglechen. D’Doktere spille keng onwesentlech Roll beim Remboursement vun der Psychotherapie, well d’Patiente spéitstens nom 3. Rendezvous eng Ordonnance vum Dokter brauch.