
© AFP
De Bedreiwer vun der Rennstreck huet 20 Milliounen Euro iwwerwisen. Interessant dorunner ass, datt de Nürburgring engem russesche Geschäftsmann gehéiert.
De Fluchhafe Frankfurt Hahn a Rheinland-Pfalz ass schonn zanter enger Zäit insolvent. E Freideg mellt den "Trierischer Volksfreund", datt de Nürburgring fir 20 Milliounen Euro bei der fréierer US-Militärbasis eraklëmmt. D'Rennstreck gehéiert der NR Holding vum russesche Geschäftsmann Viktor Charitonin. D'Pharma-Entreprise steet net der EU-Sanktiounslëscht fir Russland. Den däitsche Wirtschaftsministère kéint den Deal awer theoretesch nach verhënneren.