Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Repair Café fir d’éischt zu Veianen: Flécke kann esou einfach sinn

Am Repair Café am "Ale Kino" zu Veianen konnten e Samschdeg Leit laanscht kommen, fir hir futtis Saachen ze flécken.

Net alles wat futti ass, muss direkt an d’Poubelle gehäit ginn oder op de Schrott bruecht. Dat ass de Message, deen ee wollt mat der Initiative e Samschdeg un d’Leit bréngen. Den Naturpark Our hat e Repair Café am "Ale Kino" zu Veianen organiséiert. Déi nohalteg Entwécklung fuerderen, wier schliisslech eng vun de Missioune vun engem Naturpark, seet den Daniel Gliedner vum Naturpark Our. Et wéilt een d’Leit zesummebréngen, an Eventer wéi dëse géing genau an dës Richtung goen.

Esou e Repair Café maachen awer besonnesch d’Benevollen aus, déi di futtis Saache flécken. Sougenannten «Repairer». Si kommen aus ënnerschiddleche Metiere vum Ingenieur, iwwer Architekt oder Schneider. Zesumme mat de Clientë kucke si wéi, an ob, en Objet nach eng Chance huet. Wei vill Undrang et an de Repair Caféë gëtt, weess een am Virfeld net. D’Beweegung géing awer lues a lues méi Succès kréien, mengt de Jemp Mousel, Responsabele vu Repair Café.  Am Süde vum Land wier dës Idee scho méi laang etabléiert. An och zu Veianen war eng gutt hallef Dosen «Repairer» mat dobäi.

Méi besonnesch am Repair Café zu Veianen war, dass dës Kéier och d’Uni Lëtzebuerg mat dobäi war. Am Institut fir Zäitfuerschung leeft nämlech e Fuerschungsprojet zu der Geschicht vum Reparéieren. De Stefan Krebs, Fuercher op der Uni, erkläert, dass et eng Tatsaach wier, dass ëmmer méi géing ewech gepucht ginn. Dat hätt awer ganz divers Grënn. Reparéiere wier antëscht dacks méi deier gi wéi flécken, well d’Personalkäschten an d’Luucht gaange sinn. Och géing anert Material genotzt, wat deels méi séier futti geet, oder d’Saache wieren esou verschafft, dass ee se selwer net opkritt. Paradoxerweis géinge mer awer méi Sue wéi jee ausgi fir Saachen ze flécken, wann een zum Beispill un Auto- oder Handyreperaturen denkt.

Och wann all dës Tendenzen net fir d’Zukunft vu Repair Caféë schwätzen, well een hëllefen d’Leit ze sensibiliséieren. Well flécke schliisslech awer ëmmer nach déi nohaltegst Léisung ass. An esouguer méi dacks méiglech wier, wéi ee kéint mengen.