Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Ried am Kreml: Russland huet Annexioun vu 4 besate Gebidder offiziell gemaach

Kritik un dëser Demarche kënnt vum UN-Generalsekretär an och vu verschiddenen UN-Memberlänner, déi esouguer eng Resolutioun dogéint op de Wee bruecht hunn.

Russland huet e Freideg d'Annexioun vun de véier besaten ostukrainesche Gebidder offizialiséiert. Mat enger feierlecher Zeremonie zu Moskau goufen d'Regiounen Donezk, Luhansk, Cherson a Saporischschja an dat russescht Staatsgebitt opgeholl. De President Putin huet e Freideg de Mëtteg entspriechend Dokumenter ënnerschreiwen, an dann och eng Ried halen. Gréng Luucht vun der Duma, dem russesche Parlament, ass dono da just nach Formsaach.

D'Leit aus dem Donbass, vun Cherson a Saporischschja wäerte fir ëmmer russesch Bierger sinn, sot de russesche President a senger Ried bei der Zeremonie e Freideg de Mëtten. D'Regierung zu Kyjiw misst d'Decisioun vun de Leit an deene Regioune respektéieren an direkt ophale mat kämpfen, sou de Wladimir Putin. De Wladimir Putin huet bei senger Ried déi westlech Staate schaarf kritiséiert an hinne Russophobie reprochéiert, géint déi ee sech wiere misst.

Sollt d'Duma den Text bis ratifizéiert hunn an déi véier Regiounen aus russescher Siicht "rechtlech" en Deel vun der Russescher Federatioun sinn, géif d'Gefor vum Asaz vun Atomwaffen an d'Luucht goen. Russland huet jo ëmmer nees drop higewisen, datt een atomar Waffe just géif asetzen, entweder als Reaktioun op en atomaren Ugrëff op Russland, oder fir den Terrain vun der Russescher Federatioun ze verdeedegen. Beim Agliddere vun de véier Regiounen un de russeschen Territoire, kéint den zweeten Zenario eventuell spillen. Dës konkret Menace, Atomwaffe fir d'Verdeedegung vun der Regioun ze notzen, huet de Kreml eréischt rezent ëmmer nees widderholl.

Mat der Annexioun vun de véier Regioune géifen "de jure" och déi Gebidder mat an de russeschen Territoire agegliddert ginn, déi zu Donzek, Luhanks, Cherson oder Saporischschja gehéieren, déi net vun de russeschen Truppe besat sinn an aktuell vun den Ukrainer kontrolléiert ginn. Russland "annektéiert" déi véier Regiounen an de "Grenze vun 2014". Attacken op déi Regioune géife behandelt ginn, wéi en Ugrëff op Russland, heescht et aus dem Kreml.

RTL

D'"Walen" zu Mariupol. / © AFP/STRINGER

Bis zu 99 Prozent vun der Populatioun solle sech Russland no an de véier Gebidder de Weekend iwwer an den ominéise Referende fir eng Annexioun ausgeschwat hunn, wat natierlech international net gegleeft gëtt. Et ass vun Inzenéierung rieds. Den UNO-Generalsekretär Antonio Guterres huet an der Nuecht op e Freideg nach emol betount, dass déi Annexioun eng geféierlech Eskalatioun géif duerstellen, an och op kee Fall vun de Vereenten Natioune géif unerkannt ginn. D'Referenden hu keng juristesch Grondlag a verstoussen ausserdeem géint internationaalt Vëlkerrecht.

Kreml beklot sech iwwer Aussoe vum UN-Generalsekretär

Russland weist sech skandaliséiert iwwer d'Aussoe vum Antonio Guterres iwwert déi geplangten Annexioun vun den ukraineschen Terrainen.

Dem Kreml no hätt de Guterres net d'Recht, politesch Erklärungen am Numm vun de Vereenten Natiounen als Ganzt ofzeginn. Den UN-Generalsekretär hat de Russen hir Pläng als "eng geféierlech Eskalatioun" bezeechent, déi d'Aussiicht op Fridden an där Regioun géif a Gefor bréngen.

UN-Sécherheetsrot wëll Resolutioun iwwer Schäi-Referenden

Nach e Freideg wëll den UN-Sécherheetsrot iwwert eng Resolutioun ofstëmmen, iwwert déi russesch Referenden an de besaten ukrainesche Regiounen.

D'Resolutioun, déi vun den USA an Albanien virgeluecht gouf an déi déi russesch Referende verurteele soll, huet awer keng Chance, ugeholl ze ginn, well Russland als dauerhafte Member vum UN-Sécherheetsrot e Veto aleeë kann.

Allerdéngs dierft den Text der UN-Vollversammlung virgeluecht ginn. D'USA werfen am Text de Russe vir, datt si der Ukrain Terrain klaue géifen an erklären och, datt een "d'Resultat vun de Schäi-Referenden ni wäert unerkennen".

Nord Stream 1 an 2

Déi 4 Fuitten, déi dës Woch an de Gas-Pipelinen Nord Stream 1 an Nord Stream 2 am baltesche Mier entdeckt goufen, wieren zréck ze féieren op Explosiounen ënner Waasser, déi Honnerte Kilo Sprengstoff entsprieche géingen. Dat schreiwe Schweden an Dänemark e Freideg an engem offizielle Rapport un den UNO-Sécherheetsrot.

D'Explosiounen hätten eng Stäerkt vun 2,3 an 2,1 op der Richterskala gehat, änlech staark wéi honnerte Kilo Sprengstoff.