Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RIP: De Couturier Paco Rabanne ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen

RTL

© AFP Archivbild

Et ass e Schock an der Moudewelt: Medieberichter no ass de berüümte Couturier Paco Rabanne an der Bretagne verscheet.

De franséisch-spuenesche Star-Couturier ass am Alter vun 88 Joer gestuerwen. Dat mellt den "Le Télégramme" e Freideg.

Aner franséisch Medien hunn d'Nouvelle opgegraff. Iwwert d'Ëmstänn vu sengem Doud ass nach näischt gewosst.

Hie war virop bekannt fir seng Moud a Parfumskreatiounen. Am spuenesche Biergerkrich ass hie mat senger Mamm a Frankräich gaangen. Hei huet hien Architektur studéiert, ier hien ugefaangen huet Kleeder z'entwerfen. Enn de 60er Joren huet hien éischt Parfumen op de Maart bruecht.