Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RIP: Doud vum Roger "Rosch" Krieps mat 97 Joer

RTL

De Roger Krieps, genannt Rosch, ass dout. Wéi d’"Land" geschriwwen huet, ass hien en Donneschdeg d’lescht Woch am Alter vu 97 Joer gestuerwen.

Hie war Redakter bei der Wochenzeitung d’Land, huet eng Rei kulturpolitesch Bicher geschriwwen a war e gudde Bekannte vum Edward Steichen. Iwwert deen de Rosch Krieps och 2 Biographië geschriwwen huet.

De Rosch Krieps huet iwwerdeems och fir de LëtzebuergerJournal, d'Revue, d'Tageblatt, d'Cahiers luxembourgeois, d'Galerie an d'Agence Belga geschriwwen.

Donieft haten d'Wanderen an de Camping zu senge Passiounen gehéiert, hei an am Midi, wou hien e groussen Deel vum Joer mat senger Fra gelieft huet.