Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RIP: Schauspillerin Kirstie Alley ass am Alter vun 71 Joer gestuerwen

RTL

© AFP

Déi zweefach Emmy-Gewënnerin Kirstie Alley ass e Méindeg am Alter vun 71 Joer u Kriibs gestuerwen, wéi hir Famill matgedeelt huet.

D'Erkrankung wier eréischt viru kuerzem festgestallt ginn. D'Kirstie Alley gouf duerch hir Roll als Rebecca Howe an der Sitcom "Cheers" iwwer eng Bar zu Boston bekannt. Dofir huet si 1991 en Emmy als bescht Haaptduerstellerin an enger Comedy-Serie kritt. E weideren Emmy krut si fir hir Roll als elengerzéiend Mamm vun engem autistesche Jong am Film "Zu viel Liebe - Davids Mutter".

Donieft huet d'Kirstie Alley och an der Komedie "Kuck' mal, wer da spricht" aus dem Joer 1989 an den zwou Fortsetzungen un der Säit vum John Travolta matgespillt.