Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Rodanger Hotelsprojet: Pierre Mellina wëll Baugeneemegung trotz Protester accordéieren

No de Protester vun zwou Biergerinitiative war de geplangte Jufa-Hotel Thema am Péitenger Gemengerot.

De Buergermeeschter hält um Projet fest. Esouvill Nolauschterer hate se warscheinlech scho laang net méi an engem Péitenger Gemengerot. Nodeems den CSV/LSAP-Schäfferot d'Invitatioun op hir Informatiounsversammlung net akzeptéiert hat, wollten d'Membere vun den zwou Biergerinitiativen d'Explikatioune vum Buergermeeschter Pierre Mellina selwer nolauschteren. Dee wollt am Gemengerot nämlech op verschidden «Falschinformatioune» reagéieren an huet net mat Kritik um «destruktive Verhale» vun den zwou Biergerinitiative gespuert. Et wär zënter 2010 kloer, dass hannert der Rodanger Schwemm, um Doihl, e Jugend- an Familljenhotel entstoe soll. All d'Consultatiounsprozedure wären am Laf vun de Joren agehale ginn. Et hätt genuch Geleeënheete ginn, fir sech géint de Projet z’artikuléieren, esou den CSV-Buergermeeschter.

Déi Péitenger Pirate ronderëm de Marc Goergen hu sech déi lescht Wochen zum politesche Sproochrouer vun de Biergerinitiative gemaach. Net well se per se géint de Projet sinn, mä well se de Biergerdialog stäerke wëllen. Fir de Schäfferot ass et elo awer ze spéit fir dee Biergerdialog: «Mir sinn op engem Punkt, wou mir legal net méi aus deem Projet erauskommen», huet de Pierre Melina ëmmer erëm betount. Eng Approche, déi och vun der DP-Oppositioun am Péitenger Conseil ënnerstëtzt gëtt.

Fir den Henri Krecké vun der Biergerinitiative «Um Doihl» ass dat «nëmme Gebraddels». Béid Biergerinitiative sinn enttäuscht, dass de rout-schwaarze Schäfferot sech hannert Etudë vu viru 14 Joer verstoppt. Haut géif et eng aner Approche zu Klima- an Aarteschutz ginn, an et géif ee sech wënschen, dass de Schäfferot den Dossier nach emol nei evaluéiere géif.

De Buergermeeschter Pierre Mellina gesäit en Donneschdeg déi Leit, déi an de legale Delaie géint d'Baugeneemegung reklaméiert hunn. Wann do keng nei Argumenter op den Dësch kommen, wéilt hien de Permis esou séier wéi méiglech ausstellen. Wien domadder net zefridde wär, kéint um Verwaltungsgeriicht dogéint kloen. Déi zwou Biergerinitiative si motivéiert, dee Wee goen, virausgesat, si kréien d'Suen fir dës juristesch Prozeduren zesummen.