Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Route du Vin: Yonas Kinde Champion am Semi-Marathon, Bob Haller iwwer 5km

Bei den Damme geet de Championstitel am Semi-Marathon un d'Jenny Gloden an iwwer fënnef Kilometer un d'Sandra Lieners.

E Sonndeg stoung op der Musel déi 59. Editioun vun der Route du Vin um Programm, wou am Semi-Marathon an iwwer fënnef Kilometer déi national Championne gesicht goufen.

Semi-Marathon

Bei den Hären war iwwert d'Semi-Marathon-Distanz de Yonas Kinde de Séiersten. Mat enger staarker Zäit vun 1:04:33 huet hie sech kloer virum Jimmy Keiffer an dem David Trampert, déi mat méi wéi siwe Minutte Retard op de Podium gelaf sinn.

Bei den Damme gouf et hei eng Victoire fir d'Jenny Gloden, dat sech mat enger Zäit vun 1:18:45 déi éischt Plaz an domat den nationale Championstitel virum Anny Wolter an dem Shefi Xhaferaj séchere konnt.

5 Kilometer

Op der Distanz iwwer fënnef Kilometer gouf et bei den Hären eng Victoire fir de Bob Haller. Mat enger Zäit vu 15:29min ass hie mat engem Virsprong vun 30 Sekonnen op den Tom Reckinger op d'Arrivée komm an huet sech domat de Championstitel geséchert. De Semih Ocaktan ass den Drëtte ginn.

Bei den Damme konnt sech hei d'Sandra Lieners duerchsetzen. No 18 Minutten a 35 Sekonne stoung d'Victoire virum Liz Weiler an dem Carole Kill fest.