Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

RTL-Service: D'Poliklinick zu Diddeleng geet e Méindeg nees op

An engem Schreiwes huet de Centre Hospitalier Émile Mayrisch dës Informatioun e Freideg bekannt ginn.

D'Poliklinick zu Diddeleng geet e Méindeg (3. Oktober) nees op. D'Ëffnungszäite si vun 8 Auer moies bis 4 Auer mëttes.

D'Poliklinick war zejoert schonn emol am September kuerzzäiteg opgaangen, ier de Site zu Diddeleng ëm Chrëschtdag d'lescht Joer wéinst dem Coronavirus nees zougemaach gouf. Op Nofro krute mer vum Chem gesot, et hätt bis elo gedauert bis d'Reorganisatioun vun de Servicer op de verschiddene Sitten ofgeschloss an d'Ressourcen nei verdeelt konnte ginn.

De Centre Hospitalier Émile Mayrisch hat ganz am Ufank vun der Pandemie ënnert anerem d'Urgence zu Diddeleng zougemaach.

Schreiwes

Le CHEM (Centre Hospitalier Émile Mayrisch) vous informe que la policlinique chirurgicale non-programmée (soins d’urgence de proximité) du site de Dudelange réouvrira le LUNDI 3 OCTOBRE 2022.
Les nouveaux horaires sont du lundi au vendredi de 08 : 00 - 16 : 00 heures.

  En dehors de ces horaires, rendez-vous au service des urgences du site d’Esch-sur-Alzette : 24/24 HEURES - 7/7 JOURS


( +352 ) 5711 - 1