Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Running against Cancer: De Pit van Rijswijck leeft 7 Marathonen a 7 Deeg op 7 Kontinenter

Et gi Leefer, ob elo Sprinter, Laangstrecke-Leefer oder Marathon-Leefer, an da ginn et awer och nach d'Ultra-Leefer.

Zu dëser leschter Kategorie zielt sécherlech de Pit van Rijswijck. Hien huet sech nämlech seng bis elo gréisste sportlech Erausfuerderung gesat: de "World Marathon Challenge". Dat heescht 7 Marathonen a 7 Deeg op 7 Kontinenter. Eigentlech hätt et scho sollte virun 2 Joer lassgoen, ma wéinst der Pandemie ass den Challenge ëmmer nees verréckelt ginn. An och elo huet hie fir déi drëtte Kéier d'Nouvelle kritt, dass wéinst dem Krich an der Ukrain duerch logistesch Problemer kee Fliger ka gechartert ginn. Fir dës speziell Course nämlech iwwerhaapt zäitlech kënnen duerchzezéien, mussen d'Organisateuren e Fliger charteren, deen d'Leefer an och si selwer all Dag op en anere Kontinent bréngt. Geflu gëtt an der Nuecht.

Eng aussergewéinlech Course, déi doduercher och en enormen Training viraussetzt. All Dag wärend 7 Deeg 42,1 Kilometer an dat ënner deelweis extreme Wiederkonditiounen. An der Antarktis bis zu -20 Grad an an der Wüüst zu Dubai bei Temperature vun iwwer 30 Grad. Den éischte Marathon vum Challenge ass an der Antarktis, vun do aus geet et op Kapstadt, dann an Australien op Perth, weider op Dubai a Madrid, eriwwer op Fortaleza a Brasilien an dann Endstatioun an den USA zu Miami.

Dat eenzegt, wat de Pit dofir muss maachen ass, säi Vol fir dohinner a fir zréck ze buchen, an natierlech genuch ze trainéieren. Domadder huet hien awer kee Problem. No 15 Joer Lafkarriär ass dat doten nach ee vun den eenzege gréissere Courssen, déi him op senger Wonschlëscht bleiwen. An déi huet och e besonneschen emotionale Wäert fir hien. Säi Papp, den Tun, war soss säin éiwege Begleeder an ass Säit u Säit a Kilometer fir Kilometer mat him gelaf. Leider ass bei him viru gutt zwee Joer e Gehiertumor fonnt ginn an hien huet de Kampf géint de Kriibs verluer.

De Pit mécht dësen Challenge also net nëmme fir sech, mee och a virun allem fir säi Papp a fir de gudden Zweck. Hien huet nämlech bei der "Fondation Cancer" e Projet lafen, wou hien iwwert dësen Challenge Sue sammelt, déi integral un d'Fuerschung géint déi aggressiivste Form vu Gehiertumore geet, dem Glioblastome.

Wien de Pit wëll ënnerstëtzen, op sengem Site www.runningagainstcancer.lu fënnt een all déi néideg Informatiounen.