© RTL (Archiv)
D'Spuerkeess confirméiert, datt aktuell technesch Problemer hir Servicer limitéieren, et géif awer dru geschafft ginn.
Aktuell ginn et technesch Problemer um ganzen informatesche Reseau bei der Spuerkeess. Betraff si souwuel d'Agencë vun der Bank, wou d'Traitementer méi lues kënnen duerchgefouert ginn, wéi soss, mä och den S-Net funktionéiert aktuell net.
D'Spuerkeess confirméiert deemno Nouvellen, déi mer vun den RTL-User gemellt kruten. D'Bank entschëllegt sech bei hiren Clienten a seet, datt sou séier wéi méiglech dru geschafft gëtt, fir d'Problemer ze behiewen. Op d'Ursaache vum Probleem geet d'Spuerkeess net an.