Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Samantha Cristoforetti: Italienesch Astronautin iwwerhëlt als éischt Europäerin de Kommando op der ISS

E Mëttwoch huet de russesche Kosmonaut Oleg Artemjew de Kommando wärend enger Zeremonie offiziell un d'Astronautin vun der ESA ofginn.

D'Zeremonie war wärend enger Live-Iwwerdroung vun der Nasa ze gesinn.

"Et ass eng Éier an e Privileeg, Europa am Weltraum op der ISS ze vertrieden", sou déi 45 Joer al Astronautin Samantha Cristoforetti.

Virun hir hate scho 4 aner Europäer de Kommando iwwert d'ISS: den Däitschen Alexander Gerst, de Belsch Frank De Winne, den Italiener Luca Parmitano an de Fransous Thomas Pesquet. D'Samantha Cristoforetti ass déi éischt Fra aus Europa. Mat den Nasa-Astronautinne Peggy Whitson, Sunita Williams a Shannon Walker hate schonn 3 aner Fraen de Kommando op der Weltraumstatioun.

RTL

© AFP Archivbild

D'Cristoforetti hat am Abrëll hiren zweeten Asaz gestart. Am Juli hat si als éischt Europäerin an der Geschicht e Baussenasaz un der ISS. Déi fréier Loftwaffepilotin huet zanter hirer éischter ISS-Missioun vun 2014 bis 2015 e Rekord gebrach: Deemools war si bal 200 Deeg am All an domat der ESA no déi Fra, déi am längsten onënnerbrach am Weltraum war.

D'Italienerin huet 2011 hiren Aschloss am Maschinnebau un der Tschechescher Universitéit zu München gemaach. Fir weider Studien huet si ënner anerem am franséische Toulouse gemaach an zu Moskau.