Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Sarg vun der Queen opgeboort: Enormen Undrang viru Westminster Hall zu London, Waardezäit vu bis zu 14 Stonnen

Wäit iwwert d'Landesgrenze vu Groussbritannien eraus, hat d'Welt mat Trauer a Schock op den Doud vun der Queen Elizabeth II reagéiert.

Déi brittesch Kinnigin ass en Donneschdeg den 8. September am Alter vu 96 Joer am Schlass Balmoral a Schottland am Krees vun hirer Famill gestuerwen.

D'Queen selwer huet an de leschte Joren nach matgehollef, de genauen Oflaf no hirem Doud ze plangen.

En Dënschdeg ass de Sarg mat de stierflechen Iwwerreschter zu London ukomm an zanter e Mëttwoch ass d'Doudelued an der Westminster Hall opgeboort. Schonn Deeg virdrun huet sech eng laang Mënscheschlaang do gebilt, bis e Freideg de Moien ass dës op ronn 8 Kilometer gewuess. D'Waardezäit louch do bei 14 Stonnen.

Wéinst dësem enormen Undrang dierfe bis op Weideres keng weider Mënsche sech ustellen, fir de Sarg vun der verstuerwener Kinnigin Elizabeth II. ze passéieren an hir an der Westminster Hall eng leschte Kéier Äddi ze soen. Am Park um Enn vun der Schlaang wier keng Plaz méi, huet d'Regierung e Freideg de Mëtteg matgedeelt. Et dierfe sech deemno déi nächst 6 Stonne keng Leit méi an d'Rei stellen.

D'Trauerfeier vun der Queen ass e Méindeg an der Londoner Westminster Abbey. An do gi Memberen aus anere Kinnekshaiser, Staatscheffe wéi den US-President Joe Biden a Staatsgäscht aus aller Welt erwaart. D'Bäisetzung vun der Elizabeth II. ass e Méindeg den Owend op Schlass Windsor.

Um Dag vum Begriefnis gëtt eng Spezialemissioun op RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert. Vun 10.50 Auer u ginn et Live-Impressioune vun London. Invitéeë beim Mariette Zenners am Studio sinn d'Colette Flesch an de Pierre Dillenburg.

Iwwerbléck vun den Evenementer an den nächsten Deeg:

Freideg

De Kinnek Charles III. reest op Wales, fir eng Motioun vum walisesche Parlament entgéint ze huelen a bei enger Mass an der Kathedrale vu Llandaff dobäi ze sinn.

Samschdeg a Sonndeg

Et gi Condoleance-Bicher online gestallt.

For the latest guidance on Mourning and how to sign our online book of condolence, please visit our website:

— The Royal Family (@RoyalFamily) September 9, 2022

Méindeg 19. September

E Méindeg, 10 Deeg nom Doud vun der Queen, ass de Staatstrauerdag. Op deem Dag gëtt och d'Staatsbegriefnes an der Westminster Abbey ofgehalen.

D'Kinnigin gëtt op Schlass Windsor an der King George VI. Memorial Chapel nieft hirem Papp bäigesat. D'Lued vun hirem Mann Philip gëtt ëmgebett, fir an Zukunft nieft senger Fra ze rouen.

Nom Begriefnes soll nach 7 Deeg weider getrauert ginn, wéi de Palais antëscht matgedeelt huet. Bis dohinner sollen och d'Fändelen op de Schlässer am ganze Land op Hallefmast sinn, mat Ausnam vun der Plaz, wou sech de Kinnek ophält.