Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Satellitte-Geschäft: Fusioun tëscht SES an Intelsat am Gespréich

Tech World - Satellitte-Geschäft

Am internationalen Satellitte-Geschäft rumouert et, an et gëtt sech nei opgestallt. Notamment och fir beim Elon Musk sengem Starlink-Projet matzehalen.

Ënnert anerem géif et eng reegelrecht Course gi fir de Weltall-baséierten Internet, ebe via Satellitten. D'SES huet e Mëttwoch effektiv confirméiert, dass Fusiounsgespréicher mat der US-amerikanescher Firma Intelsat géife lafen. Deemno steet en Zesummeschloss an der Héicht vun 10 Milliounen Dollar am Raum. Nach wier awer näischt an dréchenen Dicher, wéi et aus Verhandlungskreesser heescht.

Bei der SES ass iwwerdeem de Lëtzebuerger Staat mat 33% vun de Parten de gréissten Aktionär.

Intelsat bedreift mëttlerweil méi wéi 50 geo-stationär Satellitten.

Viru 4 Méint gouf am Secteur schonn d'Fusioun tëscht zwee brittesch-amerikanesche Satellittebedreiwer offiziell. Inmar-Sat a Via-Sat sinn déi weltwäit gréisst Bedreiwer vu geo-sationäre Satellitten an de Wäert vun hirer Entreprise beleeft sech op iwwer 7 Milliarden.