Sport - Schisprangen zu Kuusamo
© AFP (Archiv)
Nom Optakt vun der Saison am Schisprangen am polnesche Wisla Ufank November goung et fir d'Schisprénger elo déi éischte Kéier op Schnéi ëm d'Victoire.
Zu Kuusamo a Finnland gouf et no den zwee Duerchgäng eng Victoire fir de Slowen Anze Lanisek. Nodeems hien d'lescht Joer zu Kuusamo seng alleréischt Victoire feiere konnt, war et e Samschdeg den zweeten Erfolleg a senger Karriär.
Mat 149 Meter huet de Slowen am éischten Duerchgang en neie Schanzerekord opgestallt. No den zwee Duerchgäng wënnt de Lanisek knapps virum Stefan Kraft aus Éisträich. De Podium gouf komplettéiert vum Piotr Żyła aus Polen.