Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schonn op d'mannst 76 Leit gestuerwen: Iranesche President wëll haart géint Manifestante virgoen

RTL

© AFP/ATTA KENARE

Den iranesche President Ebrahim Raisi hat en Donneschdeg annoncéiert, dass d'Police vun elo u ganz konsequent géint all Zorte vu Maniff wëll virgoen.

Dernieft war et de Reproche un d'USA, si géifen d'Leit am Iran opstëppelen.

Hannergrond vu den Demonstratiounen ass den Doud vun enger jonker Fra, déi festgeholl gouf, well si hiert d'Kappduch net richteg soll ugehat hunn. Bei den Demonstratiounen am Iran si mëttlerweil schonns 76 Leit den offizielle Chifferen no ëm d'Liewe komm.

Déi iranesch Studentenassociatioun zu Lëtzebuerg huet fir 18 Auer en Donneschdeg den Owend op eng Solidaritéits-Manifestatioun op der Clairefontainesplaz an der Stad opgeruff.