Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schoulrentrée 2022/23: Educatiounsminister rappelléiert Neierungen

En Donneschdeg geet d'Schoul am Fondamental nees un, e Freideg ass et un de Septièmen. An e Méindeg all d'Klassen am Lycée.

Déi gratis Hausaufgabenhëllef an de Maison Relaisen an eng nei Sektioun am Lycée, dat si just 2 vun e puer Neierungen an de Schoulen. Kuerz virun der Rentrée huet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch de Point gemaach.

"Gutt Bildung fir jiddereen", ass de Slogan, deen den Educatiounsministère dëst Joer fir d’Rentrée erausgesicht huet. Bildung soll fir jiddereen zougänglech sinn, seet de Minister Claude Meisch.

"Dofir hu mer bei der Rentrée nach eng Kéier en Accent geluecht op gratis Bildungsofferen. Gratis Maison Relais wärend de Schoulwochen, gratis Museksunterrecht, gratis Iesse mëttes an der Schoul. An dat wäert sech sécher elo ëmsou méi bemierkbar maachen, wou alles méi deier ginn ass, a virun allem och Famillje mat Kanner méi belaascht gi sinn. An hei gi se och entlaascht."

Vill Schüler, dacks och mat lëtzebuergeschen Originne wieren op Krichsfouss mam Franséischen. Zanter 2018 probéiert een, deem mat enger anerer Form vun Enseignement vun dësem Fach entgéintzehalen. A 4 Schoule gouf elo e Pilotprojet lancéiert, bei deem d’Kanner op Franséisch alphabetiséiert ginn. Awer och de klassesche Lycée géing moderniséiert ginn.

"An dat mat neie Sektiounen. Virun e puer Joer war et eng Informatikssektioun. An elo ass et eng ronderëm den Entrepreneurship. Wat eng Iwwerleeung ass, fir Jonker ze stäerken, fir selwer Initiativ ze huelen."

Déi nei Sektioun gouf am Lycée de Commerce et gestion lancéiert. Doriwwer eraus gëtt an de Lycéeën allgemeng dat neit Fach Digital Science an den ënneschte Klassen agefouert.

Fir dorop ze reagéieren, datt Enseignantë feelen, gëtt eng Zousazformatioun agefouert.

"Och wann een en aner Bachelor gemaach huet, wéi deen, fir Enseignant ze ginn, da kann een eng Zousazformatioun wärend engem Joer op der Uni.lu maachen. Sou kann een awer nach Enseignant ginn."

De sougenannte "Quereinsteiger" gëtt dowéinst elo auslafe gelooss.