Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schüler géint Littering: Hëlt de Knascht op eise Stroossen zou? Eng Foto-Expo am Kader vun Esch2022

Jonker aus der Schoul vu Munneref ware Fotoe vum Knascht, dee si esou fonnt hunn, maachen an hunn elo eng Ausstellung domadder organiséiert.

Knascht, dee laanscht d'Strooss läit, vu Mënschen dohinner gehäit. E Phänomen, deen et net eréischt zanter gëschter gëtt. Allerdéngs kritt een d'Gefill, datt dëst Behuelen a leschter Zäit zougeholl huet.

70 Jonker aus der Internationaler Schoul vu Munneref hu sech deem Thema am September ugeholl. Si sinn erausgaangen an hu Fotoe vum Knascht, dee si fonnt hunn, gemaach. An enger Ausstellung, déi am Kader vun Esch2022 organiséiert gëtt, kann een dës Fotoen elo an der Schoul kucke goen.

RTL

© Christophe Hochard

Fachiwwergräifend gouf d'Thema vum Littering opgegraff. Mam Jessica Theis huet eng professionell Fotografin un dësem Projet matgeschafft. Si selwer war zanter 2019 op de Lëtzebuerger Stroossen ënnerwee, zwee Joer laang. D'Fotografin huet alles vu Knascht geknipst, wat hir virun d'Lëns koum.

Dräi 6ièmes Klasse vu Munneref hu sech Gedanken iwwer d'Problematik vum Knascht an dem Konsumverhale vun der Gesellschaft gemaach. Dëse Projet gëtt och am Ettelbrécker Lycée Technique an am Lycée Aline Mayrisch um Geesseknäppchen duerchgefouert. Aner Schoule si wëllkomm.