Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schwäizer Bundesrat confirméiert: UBS iwwerhëlt de Crédit Suisse

An der Schwäiz sinn de ganze Sonndeg iwwer tëscht de Banken an der Regierung Verhandlunge gelaf, fir déi grouss Bank Credit Suisse ze retten.

D'Financial Times hat schonn um Sonndeg de Moie geschriwwen, dass de Finanzinstitut vun der UBS kéint iwwerholl ginn. Ma d'UBS, déi och an der Schwäiz e Sëtz huet, hätt awer ëmfaassend Garantie vun der Schwäizer Regierung gefuerdert, fir déi staark ugeschloe Credit Suisse ze iwwerhuelen. D'Finanzzeitung hat sech am Artikel op Insider aus der Branche beruff.

Der Noriichtenagence Bloomberg huet dunn am Laf vum Dag gemellt, datt de Credit Suisse d'Offer vun enger Milliard US-Dollar net ugeholl hätt. Am weider Verlaf vun de Verhandlunge war d'Offer dann nach op iwwer zwou Milliarden geklommen. Béid Banke gehéieren zu den 30 gréisste weltwäit, déi als systemrelevant agestuuft ginn.

Déi Schwäizer Nationalbank an d'Finanzopsiicht hätten op internationalem Niveau matgedeelt, dass eng Fusioun mat der UBS als eenzeg Méiglechkeet ugesi gëtt, fir d'Vertrauen an d'Bank Credit Suisse nees opzebauen, schreift d'Financial Times, déi dann och kuerz no 18 Auer matgedeelt huet, datt d'UBS dem Kaf vun der Crédit Suisse zougestëmmt hätt.

Um 19.30 Auer hat de Schwäizer Bundesrat op eng Pressekonferenz invitéiert, wou matgedeelt gouf, datt et en Accord géif ginn an datt d'UBS d'Crédit Suisse géif iwwerhuelen.

Et wollt een esou ee méigleche Schratt nach virum Méindeg de Moien offiziell maachen, éier d'Bourssen nees opginn. Esou kéint een d'Investisseure berouegen. Bis den Deal awer an dréchenen Dicher ass, wäert d'Schwäiz eng Garantie fir zousätzlech Liquiditéitshëllef vun der Schwäizer Nationalbank fir de Crédit Suisse ginn.

De Kaf vu Credit Suisse duerch d'UBS ass déi gréisste Bankefusioun an Europa zanter der Finanzkris.