Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schweden: 75 Wëllef dierfe geschoss ginn: Méi wéi duebel esouvill wéi d'lescht Joer

Et ass déi gréisste Juegd op Wëllef a modernen Zäiten a si suergt a Schweden an och ausserhalb vum Land fir vill Kontroversen.

Ronn 460 Wëllef liewen am Zentrum vu Schweden. D'Land, wat laang als "Champion vum Schutz vun der Ëmwelt" gegollt huet, gëtt an de leschte Joren ëmmer nees Wëllef zum Ofschoss fräi: 2023 sinn dat 75 Déieren, esou vill, wéi nach ni a modernen Zäiten a méi wéi duebel esou vill, wéi dat lescht Joer. Eréischt zanter 2010 dierf nees limitéiert Juegd op Wëllef gemaach ginn.

E Sonndeg waren offiziellen Zuelen no scho 54 Wëllef de Jeeër zum Affer gefall. A verschiddene Regioune gouf d'Juegd schonn agestallt an d'Autoritéite ginn dovunner aus, datt een d'Quot net bis de 15. Februar erreeche wäert, dann ass nämlech och d'Deadline vun der Juegd.

D'Decisioun vun den Autoritéiten, fir d'Juegd op Wëllef nees ze legaliséieren an och d'Zuelen ëmmer nees eropzesetzen, gëtt a Schweden selwer an och ausserhalb vum nordeuropäesche Land staark kritiséiert. Nach an de 60er Jore war d'Juegd op d'Wëllef a Schweden erlaabt an d'Déiere waren am Land quasi ausgestuerwen. Dowéinst hat d'Regierung deemools decidéiert, fir de Wollef streng ze schützen, fir datt sech d'Populatioun vun den Déieren nees erhuele kann.

An de 70er an 80er Jore gouf et dono ëmmer nees Situatiounen, datt Leit eenzel Wëllef gesinn hunn, dunn an den 90er Joren ass hir Populatioun a Schweden nees lues a lues geklommen. 2010 gouf et nees iwwer 200 Wëllef a Schweden an dunn hunn d'Autoritéiten d'Decisioun geholl, datt nees eng limitéiert Zuel vu Déieren dierf wärend enger gewëssen Zäit geschoss ginn.

Zil dovunner ass et, fir d'Zuel vun de Wëllef limitéiert ze halen, fir datt si sech net a méi beliefte Géigenden ausbreeden, seet ee vun de Jeeër. Nieft de Wëllef erlaabt Schweden och ganz strikt a limitéiert Juegten op de Brongbier, de Luchs oder de sougenannte "Vielfrass", en Déier aus der Famill vun de Marderen. E weidere Grond fir dës Juegten ass och, datt een domadder d'Déiere vun de Bauere wëll schützen.

Vun de Géigner vun dëse Juegten heescht et, datt de Wollef wichteg wier, fir d'Biodiversitéit am Gläichgewiicht ze halen. Weider notze si als Argument, datt dës Juegten an den Ae vun den EU-Kommissioun illegal wieren. 2015 hat d'EU festgehalen, datt de Wollef net an d'"Habitats directive" géif falen, well d'Populatioun vum Wollef an Europa nach net dee Level erreecht hätt, datt een dovunner ausgoe kann, datt d'Spezies sécher iwwerlieft.

Schonn aneren EU-Memberstaaten huet d'Kommissioun awer schonn opgefuerdert, fir d'Direktiv unzepassen, fir kënnen d'Déiere vun de Bauere besser ze schützen. Schweden no géifen 300 Wëllef am Land duergoen, fir d'Populatioun vun den Déieren z'erhalen. Vun Experten heescht et awer, datt ee misst sécherstellen, datt ronn 500 Déiere a Skandinavien liewen. D'Regierung vu Schweden huet 2021 festgehalen, datt een net ënnert de Minimum vun 270 Wëllef am Land falen dierft. D'Jeeërfederatioun dogéint wëll duerchsetzen, datt de Minimum op 150 Déieren, déi een aktuell haaptsächlech am Zentrum vum Land esou wéi och am Westen fënnt, erofgesat gëtt.

"De Wollef huet definitiv seng Plaz hei," seet de Jeeër Lars Bjork. "Awer weder an där Unzuel nach an där Konzentratioun, wéi mer se haut hunn", präziséiert hie weider.