Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Schweden als NATO-Member: Fir Ungarn ass Ratifizéierung vum Text "net dréngend"

Datt Ungarn d'NATO-Memberschaft vu Schweden séier duerch Parlament bréngt, bleift no Aussoe vum ungaresche Ministerpresident éischter onwarscheinlech.

"Ech froe mech, ob et eppes méi Dréngendes gëtt, dat eis dozou zwénge géif, d'Kandidatur vu Schweden ze ratifizéieren", esou de Viktor Orban am Parlament zu Budapest. Hie géif esou en Ëmstand awer net erkennen. Weider sot den ungaresche President, datt d'Sécherheet vu Schweden net a Gefor wier. Hien huet dann och de schwedesche Regierungschef opgefuerdert, seng Politik vun der "Diffamatioun" an déi reegelméisseg Aussoen, datt Ungarn géint d'Rechtsstaatlechkeet géif verstoussen, anzestellen.

Dem Orban no hätt Ungarn d'Recht, als éischt "Respekt vu Schweden anzefuerderen" éier et sech op "eng positiv Decisioun" a Richtung NATO-Memberschaft vu Schweden virbereet.

D'Kritik vu Budapest a Richtung Schweden gouf déi leschte Wochen ëmmer méi grouss, nodeem ee Video, wat 2019 a schwedesche Schoule gewise gouf, opgetaucht ass. An deem Video ass riets vum "demokrateschen Néiergang" vun Ungarn gaangen. An engem Bréif huet den ungareschen Ausseminister Szijjarto sengem schwedesche Homolog virgeworf, datt a Schoulen "schwéier Uschëllegungen a Falschinformatiounen" verbreet géifen.

Schweden hat jo als Reaktioun op de russeschen Ugrëffskrich géint d'Ukrain genau wéi och den Noper Finnland decidéiert, Member vun der NATO ze ginn. Wärend Finnland antëscht an d'Defenseallianz opgeholl gouf, ass Schweden bis ewell um Veto vun der Tierkei an Ungarn hänke bliwwen. Den tierkesche President Erdogan hat awer antëscht erkläert, säi Veto opzehiewen, hat awer och annoncéiert, datt d'Ratifizéierung vum Text fréistens am Oktober méiglech wier.