Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team: Lëtzebuerger prett, fir géint Südafrika ze spillen

Um Donneschdeg war d'Pressekonferenz vum Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team virum Match géint Südafrika.

Déi 4 Spiller, déi de Kapitän Gilles Muller selektionéiert hat, waren awer schonns bekannt: et sinn den Alex Knaff, de Gilles Kremer, de Raphael Calzi an de Chris Rodesch. Vum ATP-Ranking si si esou änlech klasséiert wéi déi südafrikanesch Spiller.

Seat Lëtzebuerg Davis Cup Team/Reportage Rich Simon

Dem Gilles Muller no kéint seng Ekipp awer vum Heemvirdeel profitéieren. Schliisslech ass et schonns 5 Joer hier, datt d'FLT-Selektioun eng Davis-Cup-Partie bei eis am Land gespillt huet. Dat primäert Zil ass et, fir am sougenannten "Weltgrupp 2" ze bleiwen. Dat ass och duerchaus realistesch, och wann d'Südafrikaner als 52. am Ranking 24 Plaze besser klasséiert si wéi d'Lëtzebuerger.

De Coach vun de Südafrikaner, de Christo van Rensburg, deen 1985 d'Dubbel-Kompetitioun bei den Australian Open gewonnen huet, war op der Pressekonferenz voll Luef fir de Gilles Muller. Hien huet ënnert anerem gemengt, datt de Lëtzebuerger ee gudde Coach wier mat vill Experienz an dowéinst hätt hie mat Sécherheet déi eng oder aner Pokerkaart an der Täsch.

Um Samschdeg gi vu 14 Auer un am nationalen Tenniszenter zu Esch déi zwee éischt Simpele gespillt.