Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Semaine du Logement: Flavio Becca fuerdert eng Tax op d’Bürokratie

Déi laang Dauer vun de Prozedure géing a sengen Aen nämlech zur Hausse vun de Präisser am Logement féieren.

Dat huet de Promoteur Flavio Becca en Donneschdeg fir d’Semaine du Logement op senger Ausstellung um Ban de Gasperich proposéiert. De Geschäftsmann sot, hien hätt guer kee Problem domadder, datt d’Regierung eng Hausse vun der Grondsteier ënnerhëlt an eng Spekulatiouns- oder Mobiliséierungstax aféiert. Hie wéilt nämlech bauen an net op sengen Terraine sëtze bleiwen. Par konter misst een dem Flavio Becca no als Konterpartie eng Tax aféieren, déi d’Adminstratioune selwer misste bezuelen, wann se Dossiere laang schleefe loossen.

Déi laang Dauer vun de Prozedure géing a sengen Aen zur Hausse vun de Präisser am Logement féieren. Hie géing sech d’"Täschen net voll stiechen". Genee ewéi den anere Promoteur Marc Giorgetti RTL géigeniwwer schonn erkläert hat, seet de Flavio Becca och: wann een 20% Marge op engem Projet géing maachen, da misst een dat duerch 20 Joer deelen. Heiansdo hätt hien en Terrain schonn 30 Joer, iert eppes drop géing stoen.

De Promoteur wollt sech virun der Press en Donneschdeg och sozial weisen: engersäits wier hie bereet, méi Wunnengen zu abordabele Präisser a Projeten z’integréieren, à Condition awer, datt d’Autoritéiten him erlaben, méi héich ze bauen. De Géigendeel wier dacks de Fall. Als Beispill huet hien e Refus vun der Stad Lëtzebuerg genannt, fir méi héich ze bauen, mam Argument, dat hätt der "Silhouette" vun der Stad geschuet. Anerersäits hätt hien am Géigesaz zu anere Bauhäre refuséiert, fir d’Facturen z’indexéieren, also un d’Inflatioun unzepassen. D’Präisdeierecht wier iwweregens dem Flavio Becca no dacks "kënschtlech" provozéiert. Nodeems d’Stolpräisser gefall wieren, hätten d’Stolkonzerner d’Produktioun bewosst erofgeschrauft, fir d’Präisser nees an d’Luucht ze drécken.

De Promoteur, dee virun allem fir de Bau vum neie Quartier um Ban de Gasperich bekannt ass, huet och seng Propos widderholl, fir eng Tripartite fir de Bausecteur z’organiséieren, wou Regierung, Gemengen a privat Bauhären no Léisunge sichen. Oder eng Quadripartite, well a sengen Aen och d’Banke missten dobäi sinn. Hien huet de Logementsminister Henri Kox kritiséiert, well deen de private Secteur bewosst wéilt ausschléissen.

Tram, Eric Lux an aner juristesch Affären

Mam Flavio Becca hu mer donieft iwwert de Problem geschwat, datt op engem Tronçon vum geplangten Tram um Houwald just eng Spuer kéint aktuell gebaut ginn. Dat well en Deel vum Terrain dem Olos Fund gehéiert an déi zwee fréier Geschäftspartner, de Flavio Becca an den Eric Lux Sträit hunn. Wéinst deem Sträit steet de Fong ënner Administratioun. De provisoreschen Administrateur an d’Travaux publics wieren dem Flavio Becca no awer um gudde Wee fir en Akkord ze fannen. De Blockage wier op technesch Problemer zeréckzeféiere gewiescht.

Iwwert säi Sträit mam Eric Lux wollt de Flavio Becca zu dësem Ament iwwregens näischt soen, well d’Geriichter "grouss an al genuch" wieren, fir ze wëssen, wat se solle maachen. Béid fréier Geschäftspartner streiden ëm honnerte Milliounen Euro, déi am Olos Fund sinn.

Wat seng aner juristesch Affär ugeet, där vun den Aueren, do huet de Flavio Becca confirméiert, datt hien a Cassatioun geet.