Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Semaine du Logement: Flavio Becca fuerdert eng Taxe op d’Bureaucratie

Déi laang Dauer vun de Prozedure géing a sengen Aen nämlech zur Hausse vun de Präisser am Logement féieren.

Dat huet de Promoteur Flavio Becca en Donneschdeg fir d’Semaine du Logement op senger Ausstellung um Ban de Gasperich proposéiert. De Geschäftsmann sot, hien hätt guer kee Problem domadder, datt d’Regierung eng Hausse vun der Grondsteier ënnerhëlt an eng Spekulatiouns- oder Mobiliséierungstax aféiert. Hie wéilt nämlech bauen an net op sengen Terraine sëtze bleiwen. Par konter misst een dem Flavio Becca no als Konterpartie eng Tax aféieren, déi d’Adminstratioune selwer misste bezuelen, wann se Dossiere laang schleefe loossen.

Déi laang Dauer vun de Prozedure géing a sengen Aen zur Hausse vun de Präisser am Logement féieren. Hie géing sech d’"Täschen net voll stiechen". Genee ewéi den anere Promoteur Marc Giorgetti RTL géigeniwwer schonn erkläert hat, seet de Flavio Becca och: wann een 20% Marge op engem Projet géing maachen, da misst een dat duerch 20 Joer deelen. Heiansdo hätt hien en Terrain schonn 30 Joer iert eppes drop géing stoen.

De Promoteur wollt sech virun der Press en Donneschdeg och sozial weisen: engersäits wier hie bereet, méi Wunnengen zu abordabele Präisser a Projeten z’integréieren, à Condition awer, datt d’Autoritéiten him erlaben, méi héich ze bauen. De Géigendeel wier dacks de Fall. Als Beispill huet hien e Refus vun der Stad Lëtzebuerg genannt, fir méi héisch ze bauen, mam Argument, dat hätt der "Silhouette" vun der Stad geschuet. Anerersäits hätt hien am Géigesaz zu anere Bauhäre refuséiert, fir d’Facturen z’indexéieren, also un d’Inflatioun unzepassen. D’Präisdeierecht wier iwweregens dem Flavio Becca no dacks "kënschtlech" provozéiert. Nodeems d’Stolpräisser gefall wieren, hätten d’Stolkonzerner d’Produktioun bewosst erofgeschrauft, fir d’Präisser nees an d’Luucht ze drécken.

De Promoteur, dee virun allem fir de Bau vum neie Quartier um Ban de Gasperich bekannt ass, huet och seng Propose widderholl, fir eng Tripartite fir de Bausecteur z’organiséieren, wou Regierung, Gemengen a privat Bauhären no Léisungen sichen. Oder eng Quadripartite, well a sengen Aen och d’Banke missten dobäi sinn. Hien huet de Logementsminister Henri Kox kritiséiert, well deen de private Secteur bewosst wéilt ausschléissen.