Luxembourg
This article was added by the user . TheWorldNews is not responsible for the content of the platform.

Serbien/Kosovo: Josep Borrell mellt éischt Erfolleger an de Verhandlungen tëscht béide Länner

Serbien an de Kosovo hunn no 12 Stonne Verhandlungen en Deal fonnt fir d'Bezéiung tëscht de verfeinte Länner ze verbesseren.

Serbien an de Kosovo hunn no 12 Stonne Verhandlungen en Deal fonnt fir d'Bezéiung tëscht de verfeinte Länner ze verbesseren.

Dat huet den EU-Aussebeoptragten Josep Borrell matgedeelt, deen tëscht den zwee Länner vermëttelt huet.

Tëscht den zwee Balkan-Staaten koum et ëmmer nees zu Tensiounen, zulescht wéinst Froe ronderëm d'Arees an d'Visa-Bestëmmungen. Serbien erkennt déi fréier serbesch Provënz nämlech net als vëlkerrechtlech onofhängege Staat un.

Dem Borell no hätte sech béid Länner awer elo dorop gëeenegt, dass Serbien an Zukunft op d'mannst déi kosovaresch Päss, esou wéi d'Autosplacken an d'Douanes-Pabeieren unerkennt. Dat ass bis ewell nämlech net de Fall.

Dofir soll de Kosovo d'Rechter vun de serbesche Minoritéiten am Land institutionell garantéieren.

No de Verhandlungen hunn déi zwee Presidenten getrennt vuneneen mat de Journaliste geschwat. De kosovaresche Ministerpresident Albin Kurti huet vun engem "De-Facto-Deal" geschwat, de serbesche President Aleksandar Vucic huet d'Verhandlungen ganz konstruktiv genannt, hien hätt d'Ofkommes awer nach net ënnerschriwwen.